
Bei engem uerge Wanterstuerm a groussen Deeler vun den USA si bis ewell op d’mannst zéng Leit ëm d’Liewe komm. An op d’mannst 20 Bundesstaaten an an der Haaptstad Washington hunn d’Autoritéiten den Noutstand ausgeruff, den Nationale Wiederdéngscht (NWS) huet och fir e Méindeg viru glate Weeër a Stroosse gewarnt. Schonn de Weekend waren Dausende Flich annuléiert ginn. Honnertdausende Stéit hate kee Stroum.
De Stuerm ass e Sonndeg vum Süden an den Nordoste vun den USA gezunn. Bundesstaate vun Texas iwwer North Carolina souwéi d’Ostküstestied Washington an New York ware betraff. D’Autoritéiten hunn d’Leit opgeruff, doheem ze bleiwen. An nërdleche Bundesstaate gouf viru liewensbedreelecher Keelt vu bis zu Minus 45 Grad Celsius och an den nächsten Deeg gewarnt.
Iwwerdeem sollen “d’Auswierkunge vum Schnéi a Schnéiree bis wäit an déi nächst Woch daueren”, mellt NWS. D’Autoritéite warnen ausserdeem viru geféierleche Baissë vun den Temperaturen, déi sech iwwer e puer Deeg zéie kënnen. D’Leit sollte sech deemno op verlängert Aschränkungen am Alldag astellen.
Zu New York goufen dem Buergermeeschter Zohran Mamdani no op d’mannst fënnef Leit dout op der Strooss fonnt. D’Doudesursaache wiere bis ewell net bekannt, d’Fäll géingen awer “d’Gefor vun extreemer Keelt an d’Vulnerabilitéit vu villen Awunner ënnersträichen, virun allem vun obdachlosen New Yorker”, sot de Mamdani bei enger Pressekonferenz.
Och am südlechen Texas sinn den Autoritéiten no dräi Leit ëm d’Liewe komm, dorënner ee 16 Joer aalt Meedchen, dat bei engem Accident mam Schlitt gestuerwen ass. Den Nopeschstaat Lousiana mellt zwee Doudesaffer. Déi zwee Männer wieren an der Suite vun Ënnerkillung duerch de Stuerm ëm d’Liewe komm.
Dem Internetsite PowerOutage.com no haten e Sonndeg den Owend iwwer 840.000 Stéit virun allem am Süde vun den USA kee Stroum. Am Bundesstaat Tennessee waren et iwwer 300.000 Stéit, a Louisiana, Mississippi an Georgia jeeweils iwwer 100.000.
Eng Rei grouss Fluchhäfe wéi Washington, Philadelphia an New York hunn e Sonndeg bal all Flich annuléiert. Dem Site Flightaware.com no waren e Samschdeg iwwer 19.000 Vollen uechter d’USA annuléiert ginn. Vill staatlech Autoritéite sollten e Méindeg zoubleiwen.
Der Wiederagence NWS no kéinten d’Stroumausfäll méi laang daueren. Si huet ausserdeem viru grousse Schied u Beem an “immens geféierleche” Verkéierskonditioune mat erhieflechen Aschränkunge gewarnt.