
Sollt de Vott kloer zu Gonschte vum Donald Trump de Fall sinn, wäerten d’Demokraten iwwert hire Schied sprangen an d’Victoire unerkennen. Dat och, wann de Republikaner Trump déi meeschte Wal-Leit, mä net d’Majoritéit vun de Wielerstëmme kréie géif. Dat war 2016 bei der Victoire vum Donald Trump géint d’Hillary Clinton de Fall an ass eng Specificitéit vum amerikanesche Walsystem.
Sollt d’Kamala Harris d’Nues relativ kloer vir hunn, da kann een trotzdeem dervunner ausgoen, dass de Republikaner Trump dat net gutt ophëlt. Hien huet schonn am Virfeld ëmmer nees behaapt, dass d’Demokrate just duerch Bedruch kéinte wannen. An esou engem Zenario kéinten och de republikanesche Chef vum Representantenhaus oder Riichter, déi dem Trump nostinn, d’Resultat an d’Längt zéien.
Sollt et ee knappt Resultat ginn, muss een eventuell e laangen Otem hunn. Mat Bulletinen, déi nach emol ausgewäert ginn, a juristesche Prozeduren am Hannergrond, dierft een dann all Dag och den Donald Trump héieren, dee viru Walbedruch warnt a seng Supporter ophetzt. Och wann ee bei enger Trump-Néierlag en zweete Stuerm op de Kapitol, wéi deemools de 6. Januar 2021, fir wéineg probabel hält, goufen d’Sécherheetsmesure massiv verstäerkt.
Am onwarscheinlechsten ass dann de Zenario, bei deem et eng Patt-Situatioun gëtt. Dat heescht, dass Trump an Harris sech d’Wal-Leit, an dono d’Bundesstate Fifty-Fifty deelen. Do géif dann de Kongress um Enn decisiv ginn, ee Kongress, deen en Dënschdeg an den USA och zu engem groussen Deel nei gewielt gëtt.
Egal wéi et ausgeet: et gëtt “tricky”, wéi d’Amerikaner soen.