Big Player op der BourseOpenAI wëll op d'Bourse, SpaceX gëtt vun e Freideg drop u gehandelt

RTL mat AFP
Op der Bourse annoncéiere sech e puer nei Big Player.
© AFP/Archiv/MARCO BERTORELLO

OpenAI huet eng offiziell Demande gemaach, fir op der Bourse kotéiert ze ginn. E geneeën Zäitplang géif et zwar nach net, mä d'Noriichtenagence Reuters schätzt, dass d'Bewäertung bei enger Billioun Dollar dierft leien, also 1.000 Milliarden. OpenAI ass jo d'Mammenhaus vum bekannte KI-Chatbot Chat GPT. Och Anthropic, ee vun de gréisste Konkurrente vun OpenAI, hat dëse Schratt schonn déi lescht Woch annoncéiert.

E Freideg wëll dann och SpaceX op d'Bourse. Mat enger Gesamtbewäertung vun 1,7 Billiounen Dollar ass et fir dem Elon Musk seng Firma de gréisste Wee op d'Bourse iwwerhaapt. An der Aktie vu SpaceX ass dann och dem Elon Musk seng KI-Entreprise xAI Lab mat dran, well dës vun der Weltraumfirma geschléckt gi war.

Back to Top
CIM LOGO