
Hien ass zanter enger Woch mat Luxembourg for Finance op Finanzmissioun an der Volleksrepublik an hat ënnert anerem eng Entrevue mat sengem chineeseschen Homolog Lan Fo’an. Déi wier ganz positiv gewiescht. China wier drun interesséiert, datt d’Weltwirtschaft sech positiv entwéckelt, well d’Land sech fir 2025 e Wuesstumszil vu 5 Prozent vum PIB gesat huet. Dofir wéilt een natierlech och, datt den internationalen Handel net ënnerbrach gëtt.
“Wat ech zréckbehalen hunn, dass China, opgrond vun hirer grousser Loftverschmotzung, sëtzt voll op erneierbar Energie. 40% vum gesamte Fuerpark ass schonn elektresch. An dat ass natierlech eng enorm Opportunitéit fir d’lëtzebuergesch Finanzdéngschtleeschter. Well mir führend sinn an der nohalteger Finanz.”
De Minister hat dann nach Rendezvouse mat de Presidente vu grousse chineesesche Banken zu Shanghai a mat Betriber aus dem FinTech-Beräich zu Hangzhou. Nieft Banken, Assurancen an Investmentfonge géing d’Finanztechnologie fir Lëtzebuerg eng ëmmer méi wichteg Roll spillen. Allgemeng géing hien zréckbehalen, datt Lëtzebuerg a China als vertrauensvolle Partner ugesi gëtt, net just wéinst dem Triple A.
“Si si virun allem interesséiert u politescher Stabilitéit, dat an eisen Nopeschlänner an Europa de Moment leider net de Fall ass. An da si se virun allem interesséiert un där Reaktivitéit, déi mer zu Lëtzebuerg hunn, wat d’Upassungen, kontinuéierlech Upassungen an der Gesetzgeebung ass. Lëtzebuerg ass ee ganz vertrauensvolle Partner. Mir sinn d’Entréesdier vun de chineesesche Finanzdéngschtleeschter an Europa.”
Déi nächst 2 Deeg ass de Gilles Roth zu Hongkong, wou hien ënnert anerem de Finanzminister vun Hongkong treffe wäert an um asiatesche Finanzforum deelhuele wäert.