
D’Terrormiliz “Islamesche Staat” huet un hier Sympathisanten appelléiert, d’Zäit vum Krich an der Ukrain fir nei Attentater an Europa ze notzen.
Europa géif duerch eng hëtzeg Phase goen, den IS sollt elo vun där Geleeënheet profitéieren, heescht et vum Spriecher vun der Miliz an engem Audiomessage.
Den IS wëll sech fir den Dout vun hirem fréiere Leader revanchéieren. Dee war Ugangs Februar bei engem amerikanesche Militärasaz am Nordweste vu Syrien ëm d’Liewe komm. Washington seet, hien hätt sech selwer an d’Luucht gesprengt, fir net fir seng Doten zur Rechenschaft gezunn ze ginn.
Vun der Terrormiliz “Islamesche Staat” heescht et, et géif een hoffen, datt de Krich an der Ukrain net op en Enn géif goen, ier d’Mënschen am Weste vernicht goufen.
Op den Audiomessage authentesch ass, konnt bis elo net iwwerpréift ginn. E gouf awer iwwert déi üblech Kanäl vun den Extremisten an de soziale Medie verbreet.