
D’Majoritéit zu Bréissel géing mat hirer Immigratiounspolitik dofir suergen, datt Europa net méi den Europäer gehéiert, sou de Message.
D’Kritik vu sëllechen EVP-Parteifrënn beandrockt de Viktor Orban net.
Och d’Ausso vum Jean-Claude Juncker, fir dem Orban seng Fidesz-Partei aus der EVP am Europaparlament auszeschléissen, hëlt den ungaresche Regierungschef op déi liicht Schëller.
Hie géif dës Debatte esouguer begréissen, esou den Orban.