
Dës Organisatioun huet sech op en éischter ongewéinlecht Geschäftsfeld spezialiséiert. Si huet gefälschte Videospiller aus den 1980er an 90er Jore verkaf. Dës hate si a China kaf, fir se dann an Italien ze verkafen.
Am Kader vun der Enquête géint d’Organisatioun wieren 12.000 Konsole saiséiert ginn, op deenen am Ganze 47 Millioune Spiller installéiert gewiescht wieren, sou en Enquêteur vun der Finanz-Police géigeniwwer der Noriichtenagence AFP. Bei de Konsolen huet et sech ëm Fälschunge vun Nintendo- Sega- an Atari-Konsole gehandelt.
Bei de Spiller huet et sech ënner anerem ëm Titelen aus de Serie “Mario Bros.”, “Street Fighter” a “Star Wars” gehandelt. D’Konsolen hätten net dem europäesche Sécherheetsstandard entsprach.
Néng Persoune goufe an dësem Zesummenhang festgeholl. Si riskéieren eng Prisongsstrof vu bis zu aacht Joer.