"Goldrausch-Pandemie" fir déi SuperräichOxfam: Coronakris huet 160 Millioune Mënschen zousätzlech an d'Aarmut gedriwwen

RTL Lëtzebuerg
D'Pandemie huet déi weltwäit sozial Ongläichheet weider verschäerft, mat dramatesche Suitte fir Millioune vu Mënschen.

Iwwerdeems d’Profitlogik vun eiser Wirtschaft an der Pandemie dozou gefouert huet, dass d’Verméige vu sämtleche Milliardärinnen a Milliardären ëm quasi 5 Billiounen Dollar gewuess ass, liewen elo méi wéi 160 Millioune Mënschen zousätzlech an Aarmut. Dat geet aus dem neisten Oxfam-Bericht ervir, deen e Méindeg publizéiert gouf.

Oxfam kritiséiert eng “strukturell wirtschaftlech Gewalt, mat zum Deel déidleche Konsequenzen”. Esou hätten am Laf vun der Pandemie op d’mannst 13 Millioune Fraen hir Aarbecht an hiert Akommes verluer, eleng am Joer 2020 géife sech hir Verloschter op minimum 800 Milliarden Dollar (ronn 700 Milliarden Euro) chiffréieren. Iwwer 20 Millioune weider Meedercher géife vun elo un “ni méi an d’Schoul goen” an all Dag géifen “op d’mannst 15.000 Mënsche stierwen, well si keen Accès méi zu enger adequater medezinescher Versuergung hunn”.

Fir Mënschen, déi vu Rassismus betraff sinn, wier e Risiko, u Covid-19 ze stierwen, “bis zu 3 Mol méi héich, wéi fir aner Mënschen”, sou nach d’Kritik vun Oxfam. Mënsche mat engem klengen Akommes hunn donieft eng méi niddereg Liewenserwaardung, wéi déi Mënschen, déi finanziell gutt opgestallt sinn.

Ongerecht Impfstoff-Verdeelung

Antëscht wieren iwwer 3 Milliarde Mënschen op der Welt 2 Mol géint de Coronavirus geimpft, ma nëmme ronn 9 Prozent vun de Mënschen a Länner mat engem nidderegen Akommes hätte knapp eng Impfdosis kritt. “Dat si Millioune Mënschen, déi hätte kënne gerett ginn, ma si si wéinst enger ongerechter Impfstoff-Verdeelung an un de Suitten dovu gestuerwen”, erkläert Oxfam.

© ourworldindata.org

Vaccine missten als ëffentlecht Gutt behandelt ginn, och well d’Regierungen d’Entwécklung vun den Impfstoffer mat vill Steiergelder gefërdert hätten, seet Oxfam. “Op d’mannst 120 Firme weltwäit kënnen an d’Produktioun mat eraklammen a genuch Vaccinen zu bezuelbare Präisser produzéieren, géif d’Technologie global gedeelt ginn. Ma dat verhënnert den internationale Patentschutz”.

D’Aussetze vum Patentschutz fir Corona-Impfstoffer war wärend der Pandemie schonn e puer Mol gefuerdert ginn. Pharmakonzerner a Länner wéi Däitschland, an deenen dës Firme sech ugesidelt hunn, argumentéieren awer, d’Patenter wieren net d’Haapthindernis, fir d’Produktioun eropzesetzen ze kënnen. Zäitgläich warne si, dass doduerch d’Innovatioune géingen ausgebremst ginn.

Superräicher am “Goldrausch”

Nieft der “globaler Impfgerechtegkeet” fuerdert Oxfam och, dass Konzerner a Superräicher méi staark besteiert ginn. Wärend der Pandemie hätten eleng déi 10 räichste Männer op der Welt hiert Verméige verduebelt. Do wiere Verméige vu 700 Milliarden Dollar op elo 1,5 Billiounen Dollar geklommen, war enger duerchschnëttlecher Hausse vun 1,3 Milliarden Dollar den Dag entsprécht.

“Fir Milliardäre gläicht d’Pandemie engem Goldrausch”, sou de Referent fir sozial Ongläichheet bei Oxfam Däitschland, de Manuel Schmitt. “Regierungen hu Milliarden an d’Wirtschaft gepompelt, ma e Groussdeel ass bei de Mënschen hänke bliwwen, déi vun der Hausse vun den Aktiecoursë besonnesch profitéiert hunn.”

Oxfam huet de Bericht am Hibléck op de virtuelle Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen um Weltwirtschaftsforum (WEF) erstallt. Bei de Milliardäre gouf sech op Berichter a Lëschte vu “Forbes” gestäipt, an där Räicher wéi den Tesla-Chef Elon Musk an den Amazon-Grënner Jeff Bezos ënnert den Top Ten vun de Superräichen ze fanne sinn, ma och d’Google-Grënner Larry Page a Sergey Brin, souwéi de Facebook-Grënner Mark Zuckerberg an de fréiere Microsoft-Chef Bill Gates.

Am Kader vum Oxfam-Bericht warnt den Deutsche Gewerkschaftsbund (DGB), dass de sozialen Zesummenhalt a Gefor ass. “Géint dës skandaléis Entwécklung géif just eppes hëllefen: Räicher a Konzerner musse méi staark an d’Verantwortung”, sou den DGB-Comitésmember Stefan Körzell. Hie schwätzt sech fir d’Nees-aféiere vun der Verméigenssteier aus, nieft engem grondleeënden Iwwerschaffe vun der Ierfschaftssteier an eng wierksam Besteierung vu grousse Konzerner.

PDF: De Bericht vun Oxfam

Back to Top
CIM LOGO