Mat effet immediatPapua-Neiguinea hieft Verbuet vun Kuelestoff-Zertifikater op

RTL Lëtzebuerg
Vill Firmen hu jorelaang ausgenotzt, datt Papua-Neiguinea den drëttgréisste Reebësch op der Welt huet, dee vill Kuelemonoxid ka späicheren.

Et ass eng Annonce, déi vill Firme wäert freeën. Papua-Neiguinea wäert de Verbuet vun hire Bësch-Kuelestoff-Zertifikater “mat effet immediat” ophiewen. Dat huet den Ëmweltminister vum Pazifikstaat der AFP confirméiert. Domadder mécht d’Insel nees hir riseg Bëscher op, fir déi global Emissiounen auszegläichen.

D’Insel huet den drëttgréisste Reebësch vun der Welt an hëlleft dem Planéit ze ootmen, andeems de Bësch de Kuelendioxid ophëlt an a Sauerstoff ëmwandelt. Auslännesch Firmen hunn an de leschte Joren Deeler vum Bësch kaf, fir Zertifikater zu kréien, déi beleeën, datt si hiren CO2-Ausstouss ausgläichen. D’Entreprisë verflichte sech awer och, fir d’Beem ze schützen, déi soss ofgeholzt géife ginn.

Eng Rei vu Skandaler a schlechte Management haten d’Land dozou gezwongen, dëse “fräiwëllegen” Emissiounshandel am Mäerz 2022 virleefeg zouzemaachen. Den Ëmweltminister Simo Kilepa huet awer elo erkläert, datt dëse Stopp, deen dräi Joer gedauert huet, elo mat den neie Sécherheetsvirkéierunge “direkt opgehuewe” géif ginn. “Mir hunn elo Virschrëften fir de Kuelestoffmaart a Richtlinne fir d’Verwaltung an d’Reguléierung”.

Papua-Neiguinea huet d’Ambitioun, fir “e wichtegen Acteur um internationale Kuelestoffmaart” ze ginn, esou Vertrieder vun der nationaler Klimaorganisatioun déi leschte Woch. D’Kuelestoff-Zertifikater sinn e wichtegt Instrument, fir d’Zerstéierung vum fiichte Reebësch am Papua-Neiguinea ze stoppen. Schätzungen no liewen hei siwe Prozent vun der weltwäiter Aartevillfalt.

Virum Moratorium 2022 konnten auslännesch finanzéiert Syndikater Verträg fir Kuelestoff-Zertifikater direkt mam Duerfeelsten ofschléissen. Am Wesentleche bezuele si d’Besëtzer vum Land, fir datt si de Reebësch net roden, fir Akerbau kënnen ze bedreiwen. Oder, fir datt en net fir Biergbau verkaf oder ofgeholzt gëtt, fir d’Bamstämm ze verkafen.

Duerch de Schutz vum Dschungel, dee soss verschwanne géif, generéieren d’Entreprisen déi sougenannte Kuelestoff-Zertifikater, déi si op internationale Mäert kënne verkafen.

Back to Top
CIM LOGO