Mëssbrauchsprozess géint Gérard DepardieuParquet fuerdert Prisongsstrof vun 18 Méint op Sursis

RTL Lëtzebuerg
Am Prozess wéinst Mëssbrauch géint de Gérard Depardieu huet d'Uklo en Donneschdeg hire Schlussplädoyer gehalen.
© JULIEN DE ROSA AFP

,Si fuerdert eng Prisongsstrof vun 18 Méint op Sursis, eng Geldstrof vun 20.000 Euro an eng finanziell Entschiedegung fir d’Affer. Ausserdeem soll den Depardieu verflicht ginn, sech psychologesch behandelen ze loossen an hie soll an d’Regëster fir Auteure vu sexuelle Strofdoten opgeholl ginn.

De Parquet fuerdert d’Geriicht ausserdeem dozou op, zousätzlech zu der Prisongsstrof e Sursis vun dräi Joer géint den Acteur ze verhänken. Ausserdeem soll hie wärend zwee Joer net dierfe bei Walen untrieden. D’Defense muss hire Plädoyer nach halen.

Den Depardieu ass wéinst sexuellen Iwwergrëffer op zwou Frae wärend Dréiaarbechten an engem Appartement zu Paräis am Joer 2021 ugeklot. Allebéid hu viru Geriicht ausgesot, dass den Depardieu si wärend dem Dréi un der Broscht an um Hënneschten ugepaakt hätt. De Schauspiller huet zouginn, vulgär Sprooch gebraucht ze hunn, weist d’Reprochë vun de sexuellen Iwwergrëff awer zeréck.

Back to Top
CIM LOGO