Eegenen Aussoen no wëllt d’Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen, dass Russland en héije Präis fir d’Invasioun vun der Ukrain misst bezuelen.
D’EU proposéiert d’SberBank vum Swift-System auszeschléissen an e komplette Stopp op Pëtrolsimporter aus Russland. Ungarn huet sech awer schonn dogéint ausgeschwat kee Pëtrol méi z’importéieren.

Souguer Däitschland, wou d’Ofhängegkeet vu russeschem Pëtrol nach relativ héich ass, wëllt op de Wee goen, deen d’EU virschléit.
Ungarn allerdéngs wëllt net no Alternative sichen. Den Ausseminister ass staark beméit ze betounen et hätt näischt mam Manktem u politeschem Wëllen ze doen - et wier eben eng Realitéit.
Op Visitt zu Chisinau a Moldawien huet den EU-Conseilspresident Charles Michel der moldawescher Presidentin Maia Sandu weider militäresch Hëllef zougesot. A Moldawien besteet d’Angscht, an de Krich an der Ukrain mat eragezunn ze ginn. Zemools de pro-russeschen, separatisteschen Deel Transnistrien schéngt nëmmen op déi Geleeënheet ze waarden.
Iwwer 30 Kanner wieren ënnert de puer Honnert Zivilisten, déi nach ëmmer an de Bunker ënnert dem Stolwierk vun Azovstal zu Mariupol blockéiert wieren an op hir Evakuatioun waarden. Dem Buergermeeschter vun der Stad no wier de Kontakt zu den ukraineschen Zaldoten, déi d’Wierk bis ewell verdeedegt hätten, awer e Mëttwoch ofgebrach.

De russesche Militär huet fir d’éischt dementéiert an duerno da confirméiert, dass een ukrainesch Positiounen am Wierk géif weider attackéieren. Och Waffeliwwerunge vun der NATO an d’Ukrain wiere fir Moskau e legitimt Zil fir Attacken. Zu Lwiw hu russesch Rakéiten iwwerdeems dräi Stroumverdeeler-Zentralen zerstéiert.
Zu Charkiw dogéint ass e Fräizäitpark fir Kanner vu russesche Grad-Rakéite getraff ginn. Moskau behaapt weiderhin, militär-strategesch Ziler an der Ukrain ze viséieren a weist all Virworf vu blannem Vandalismus oder Attacken op Ziviliste vu sech. Iwwerwaachungskameraen dokumentéieren dogéint ganz däitlech de Géigendeel an iwwerféieren de Kreml enger weiderer Ligen.

Zu Moskau gëtt iwwerdeems schonn emol d’Formatiounsfléie geprouft fir de Feierdag vum 9. Mee, dee ganz am Z-Zeeche wäert stoen. Den “Z” ass d’Zeechen vun där “spezieller Militär-Operatioun”, wéi Russland de Krich an der Ukrain betitelt.