FrankräichPIB esou staark zeréckgaangen, wéi zanter 1949 net méi

RTL Lëtzebuerg
Frankräich huet duerch d'Corona-Pandemie den schlëmmste Chute an hier Konjunktur zanter 70 Joer.

D’Wirtschaftsleeschtung wär ëm 5,8 Prozent par rapport zum leschte Quartal gefall. Dem Wirtschaftsminister Bruno Le Maire no, géingen d’Zuelen d’Violenz vun dësem ekonomesche Schock erëmspigelen. De PIB wär sou staark zeréckgaange wéi zanter 1949 net méi. Domadder confirméieren d’Zuelen dass och Frankräich wéi vill aner europäesch Länner an eng Rezessioun rutscht wéinst de strikte Mesurë fir de Coronavirus anzedämmen.

Back to Top
CIM LOGO