
D’kanadesch Police hat e Sonndeg ugefaangen déi lescht Demonstren op engem vun de wichtegste Grenziwwergäng a Richtung USA festzehuelen. D’Ambassador-Bréck verbënt Windsor a Kanada mat Detroit an den USA. Iwwert si verleeft eng Transport-Route, iwwert déi 25% vum Handel tëscht béide Länner ofgewéckelt ginn. Dat entsprécht ëmgerechent eng 275 Milliounen Euro den Dag. Besonnesch betraff vun der Blockad waren Autobauer an -zouliwwerer, déi zum Deel hir Produktioun hu musse stoppen. Och zu Ottawa an an aneren Deeler vu Kanada gouf et Protester.
E Freideg hat e kanadesche Riichter ordonéiert, dass d’Blockad misst direkt ophalen. E Samschdeg dunn huet d’Police ugefaangen d’Blockad opzeléisen. Um spéiden Owend hunn nach eng 180 Demonstranten sech bei äisegen Temperaturen an der Géigend vun der Bréck opgehalen.
Um Méindeg de Moien eiser Zäit war et dunn d’Nouvelle, dass d’Bréck nees fir den Trafic opgaangen ass, dëst nodeems 7 Deeg laang do protestéiert gouf.