
De Mann, deen zanter dem Optakt vum Geriichtsprozess am Mäerz vum Déngscht suspendéiert ass, gouf wéinst enger Partie Sexualdelikter an dem Ënnerschloe vu Sue schëlleg geschwat. Hie soll ënner anerem 4 fréier Partnerinne belästegt a vergewaltegt hunn. Hien huet d’Dote wärend dem ganze Prozess ofgestridden. D’Geriicht wier awer opgrond vu psychologeschen Analyse vun den Aussoe vum Ugekloten a sengen Ex-Partnerinnen zu der Conclusioun komm, de Fraen ze gleewen, erkläert eng Spriecherin vum Geriicht.
Iwwerdeems soll den Ugeklote bei Policeasätz zwee Mol Suen aus de Wunnenge vu verstuerwene Persoune matgeholl hunn. Dobäi soll hien insgesamt 4.600 € geklaut hunn.