
De Präis vum Gas ass dës Woch, nodeems Russland d’Liwwerunge gedrosselt huet, nees staark an d’Luucht gaangen.
Fir de Westen ass dat kloer e Versuch vu Russland, Europa op engem wonne Punkt ze schiedegen.
Zanter e Mëttwoch liwwert Russland däitlech manner Gas an Europa, virun allem iwwer d’Pipeline Nord Stream 1 an Däitschland, wou et dann an aner europäesch Länner verdeelt gëtt.
Frankräich huet e Freideg gemellt, datt et guer kee Gas méi iwwer d’Pipeline kritt. Italien an d’Slowakei schwätze vu 50% manner.
Déi aktuell Hëtztwell huet och de Gasverbrauch a Spuenien an a Frankräich klamme gedoen.
An Däitschland warnt iwwerdeems d’Bundesnetzagentur engem Mediebericht no viru méigleche Kierzunge fir déi däitsch Wirtschaft schonn am Summer.
Der “Bild"-Zeitung no huet de Chef Klaus Müller intern a Gespréicher mam Bundeswirtschaftsministère erkläert, datt d’Späicheren an Däitschland hir néideg Peegelstänn am Hierscht nëmmen dann erreeche kënnen, wann d’Liwwerungen aus Russland déi nächst Deeg nees op en normalen Niveau géinge steigen. Sollt dat net geschéien, misst d’Bundesregierung d’Gespréich mat de ronn 2.000 grousse Clientë sichen an iwwer Restriktioune beroden.
Wéi d’Zeitung schreift, strieft de Müller un, datt d’Gasspäichere bis den Oktober zu 80 Prozent gefëllt solle sinn an iwwer 90 Prozent am November.
