Belsch Ministesch hat getwittertPräisser fir d'Vaccine géint Covid-19 goufen elo deels bekannt

RTL Lëtzebuerg
Dat Ganzt war awer e Feeler, d'Präisser hätte solle confidentiel bleiwen.

D’Präisser fir de Vaccin géint de Covid sinn deels bekannt ginn. D’belsch Ministesch Eva De Bleeker huet Enn leschter Woch op Twitter en Tableau mat Präisser publizéiert.

Ronn 15 Euro fir eng Dose vum Vaccin vu Moderna, 12 Euro fir dee vu Pfizer, just 1,78 Euro fir dee vun AstraZeneca. D’belsch Ministesch huet hiren Tweet séier erëm geläscht. Mat de Pharmakonzerner war ausgemaach, datt déi Präisser confidentiel bleiwen, bis d’Vaccinen um Marché zougelooss sinn.

D’Ministesch huet sech entschëllegt: Si hätt wéilten transparent sinn, e bëssen ze vill transparent. D’Präisser an der europäescher Unioun wieren iwweregens méi bëlleg ewéi an den USA, sou d’Washington Post.

Back to Top
CIM LOGO