FrankräichPréfecture de la Moselle verbitt Rassemblementer viru Lycéeën

Céline Eischen
Déi franséisch Prefecture de la Moselle huet e Sonndeg den Owend matgedeelt, datt Rassemblementer virun enger Rei Lycéen e Méindeg an Dënschdeg verbuede sinn.
Ënner anerem zu Stroossbuerg koum et nees zu Affrontementer tëschent Schüler a Police.
Ënner anerem zu Stroossbuerg koum et e Freideg zu Affrontementer tëschent Schüler a Police.
© ROMEO BOETZLE / AFP

Dat wéinst de rezente Schülerprotester a Frankräich. D'Schülervertriedungen hunn och fir e Méindeg zu Protester opgeruff, ma d'Zesummekomme vu Schüler an och d'Droe vu Waffe sinn an der Préfecture de la Moselle verbuede ginn. Eng Rei Lycéeën, ënnert anerem zu Metz, hunn dann och schonn ugekënnegt, d'Kueren e Méindeg à distance ze halen.

Zanter e puer Deeg protestéieren a Frankräich Lycéesschülerinnen a Schüler fir besser Konditiounen an der Educatioun. De leschte Freideg goufen an iwwer 500 Schoulen Onroue gemellt, an der Haaptstad Paräis hunn d'Schoulgäng vun zwee Gebaier gebrannt.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO