Sommet iwwert Kënschtlech IntelligenzPremier Luc Frieden wëll d'Roll vu Lëtzebuerg am KI-Secteur ausbauen

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich sinn den Ament d'Staats- a Regierungscheffen aus enge sëllege Länner zesummen, fir iwwert e Virgoen a Saache KI ze diskutéieren.
De Premier Luc Frieden um KI-Sommet.
De Premier Luc Frieden um KI-Sommet.
© Copyright Thomas SAMSON / AFP

“D’Kënschtlech Intelligenz ass eng Revolutioun, déi d’Fassong wéi mer liewen a wéi mer schaffen iwwer Jore fundamental verännert.” Dat seet de Premier Luc Frieden, deen den Ament zu Paräis op dem Sommet ass, wou et ëm d’KI geet.

De franséische President Emmanuel Macron huet d’Staats- an d’Regierungscheffen aus engen honnert Länner invitéiert, déi sech gemeinsam Gedanke maachen, wéi een d’KI ënner mënschlecher Kontroll kann halen, a wéi een awer och vun den Opportunitéiten, déi se bitt, ka profitéieren.

Do zielt de Luc Frieden der eng ganz Rei op, ugefaange bei der Santé, wou d’KI eng Hëllef kéint sinn:
“Fir zum Beispill am Gesondheetsberäich éischter Krankheeten z’entdecken, fir op eng méi sophistiquéiert Aart a Weis de Mënsche kënnen ze hëllefen. Et wäert eng Influenz hunn, wéi mer aus Lëtzebuerger Siicht zum Beispill bei de Finanzdéngschtleeschtunge kënne virgoen oder am Weltall.”

De Luc Frieden ass dovunner iwwerzeegt, dat een awer e responsabele Kader fir d’KI brauch, an datt dee mat anere Länner op der Welt muss definéiert ginn. Dofir wier et och gutt, datt den amerikanesche Vizepresident an de chineesesche Vizepremier zu Paräis um Sommet mat dobäi sinn.

De Lëtzebuerger Premier hält awer och drop, datt een europäesch Ambitiounen an en europäesche Leadership brauch.
“Mir kënnen net eleng d’Amerikaner an d’Chineesen decidéiere loossen, wéi et mat der KI virugeet. Déi europäesch Ambitioun heescht och, datt mer mussen déi europäesch Entreprisen do mat dru kréien, datt mer europäesch Suen dofir brauchen an dofir ass déi europäesch Ambitioun ganz wichteg.”

De Luc Frieden hätt awer och gären, datt Lëtzebuerg eng wichteg Roll an der Kënschtlecher Intelligenz spillt.
Hie wëll kucken, a wéi enge Beräicher Lëtzebuerg eng Zort europäeschen Hub ka sinn. De Lëtzebuerger Premier denkt do un d’Gesondheet, un den Espace an un d’Finanzdéngschtleeschtungen. Dofir hat hien zu Paräis och eng Rei Gespréicher mat Entreprisen. Dorënner och eng europäesch Start-Up, déi de Luc Frieden besonnesch beandrockt huet:

“Mistral AI, déi et fäerdeg bréngt eppes ze hu wéi “Chat GPT” an Amerika, wéi “Deep Seek” a China, nämlech “Le Chat”, mä déi och doriwwer eraus an der KI ganz vill Succès huet an ech hunn de CEO vun där Firma iwwerzeegt, fir mat eis zesummen ze kucken, a wéi enge Beräicher mer méi kënnen zesummeschaffen an och envisagéieren, zu Lëtzebuerg kënnen Aktivitéiten ze deployéieren.”

Nach stéing een am Ufank vun deene Gespréicher esou de Premier Frieden, mä se wiere ganz konstruktiv.

Back to Top
CIM LOGO