Éischte Regierungschef betraffPremierminister vun Eswatini ass no Corona-Infektioun gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
D'Regierung aus dem Land am Süde vun Afrika huet dëst e Méindeg matgedeelt.

Den 52-Joer-alen Abrose Dlamini gouf Mëtt November positiv op de Corona-Virus getest.

Ufanks huet de Premier vun Eswatini (fréier Swasiland) guer keng Symptomer gehat, ma dunn huet sech säin Zoustand awer verschlechter a koum an e Spidol a Südafrika. Do ass hien e Sonndeg am Nomëtteg gestuerwen, esou déi offiziell Annonce.
De jéngsten Zuele vun der Santé no, goufen et bis ewell 6.714 Infektiounen, dat op 1,2 Milliounen Awunner. 128 Mënsche sinn un de Suitte vun enger Infektioun gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO