TurkmenistanPresident empfielt Lakritz als Mëttel géint de Coronavirus

RTL Lëtzebuerg
Hien ass fir seng bosseg Iddie bekannt an déi neist mécht do keng Ausnam.
© AFP (Archiv)

Den turkmenesche President Gurbanguli Berdimuchamedow huet een neit Wonnermëttel géint de Coronavirus fonnt. Lakritz soll dat kënnen, wat bis ewell kee Medikament op der Welt fäerdeg bruecht huet. Schonn am Mäerz hat de fréieren Zänndokter geroden, am Kampf géint de Coronavirus den Damp vun enger bestëmmter Planz z’inhaléieren. Zanterhier sinn d’Präisser fir dës Planz explodéiert. A praktescherweis gëtt et am Turkmenistan grouss Quantitéiten dovunner. Genee wéi vu Lakritz.

D’Autoritéiten an Turkmenistan behaapten iwwerdeems bis haut, dass et an hirem Land kee Corona gëtt. An dat obschonn de britteschen Ambassadeur vum Land, eegenen Aussoen no, scho Covid-19 hat.

No enger Visitt vun der Weltgesondheetsorganisatioun am Juli gouf dann och decidéiert, dass d’Leit missten eng Mask undoen. Dat awer net fir d’Leit virum Virus ze schützen, ma villméi viru Stëbs an anere Krankheetserreeger.

Back to Top
CIM LOGO