Eng 45 Busser hate sech en Donneschdeg op de Wee gemaach, déi awer vum russeschem Militär gestoppt gi wieren, soen déi ukrainesch Autoritéiten. Firwat ass net gewosst. U sech sollt e Flucht-Couloir vun de Russen agehale ginn, fir d’Leit déi wéilte fort, an eng Stad an de Süde vun der Ukrain ze bréngen. Rieds ass vun op d’mannst nach 100.000 Awunner, déi sech zu Mariupol ophalen. E Freideg ass d’Evakuéierung du letztendlech awer nach gelongen, déi 45 voll besate Busser konnten ausreesen.
D’Presidentin vum EU-Parlament Roberta Metsola ass um Freideg op Kiew gereest. Detailer vun hirer Rees sinn aus Sécherheetsgrënn net matgedeelt ginn. Si wëll am Numm vun der europäescher Unioun Kiew an dem President Selenskyj awer, wéi et heescht, Ënnerstëtzung zousécheren.
Wärenddeem sech d’Situatioun an der Haaptstad Kiew e bëssen entspaant, ass et der ukrainescher Arméi gelongen d’Stad Cherson um schwaarze Mier zeréckzëerueweren. D’Russen haten d’Stad virun 3 Woche komplett ageholl. Hei kéinten elo Liewensmëttel a Medikamenter un d’Awunner verdeelt ginn. D’Ukrainer hate gefaart, dass Moskau zu Cherson am Ëmgéigend eng russlandtrei Volleksrepublik wéilt grënnen, déi sech änlech wéi d’Separatistegebidder Donezk a Luhansk, vun der Ukrain géifen ofsoen.

D’ukrainesch an déi russesch Verhandlungsdelegatioune hu sech um Freideg iwwerdeems nees via Videokonferenz gesinn, fir iwwert eng méiglech Waffepaus ze beroden.
No wochelaanger Occupatioun huet sech d’russesch Arméi aus der Atomruin Tschernobyl zeréckgezunn. Si hätt awer ukrainesch Zaldoten als Geisele matgeholl.
Vun dësem Freideg u musse westlech Staaten e Kont op der Gazprombank opmaachen, wa se weider russescht Gas wëlle kafen. Soss géif de Gaskrunn zougedréint ginn, esou d’Menace vum russesche President Putin.
Iwwert dee Kont op der Gazprombank kënnen d’Länner da weider mat Dollar an Euro bezuelen. D’Bank konvertéiert dës dann a Rubel an iwwerweist d’Suen dann u Gazprom. De Kremlchef fuerdert jo, datt d’Gasrechnungen nëmme nach a Rubel bezuelt ginn.
Europäesch Spëtzepolitiker däerfen elo net méi a Russland reesen. Dat huet Moskau um Donneschdeg annoncéiert. Den Areesverbuet ass eng Reaktioun op déi europäesch Sanktioune géint Russland.