Am KeniaPresuméierte Massemäerder aus Untersuchungshaft fortgelaf

RTL Lëtzebuerg
De Kenianer Collins Jumaisi huet gestanen, 42 Fraen ëmbruecht ze hunn. Elo ass hie mat 12 anere Gefaangenen aus enger Zell ausgebrach.

Den 33 Joer ale Mann gëtt vun der kenianescher Police als Vampir a Psychopat bezeechent. Hie gouf am Juli zu Nairobi festgeholl, nodeems eng zerstéckelt Läich op engem Dreckstipp fonnt gouf. De Jumaisi huet duerno zouginn an de leschten zwee Joer 42 Fraen ugelackelt, ëmbruecht an zerstéckelt ze hunn. Hie koum an Untersuchungshaft.

An der Nuecht op en Dënschdeg ass de Jumaisi du mat 12 anere Gefaangenen aus der Zell ausgebrach a fortgelaf, wéi de kenianesche Policespriecher der AFP confirméiert.

De Riichter hat nach viru Kuerzem festgehalen, de presuméierte Mäerder fir weider 30 Deeg festzehalen, fir dass een d’Ermëttlungen ofschléisse kéint. Déi staatlech finanzéiert Kommissioun fir Mënscherechter huet och annoncéiert, hir eegen Enquête ze maachen, fir auszeschléissen, dass de Verdächtegen aussergeriichtlech ëmbruecht gëtt. D’Autoritéiten, déi d’Police iwwerwaachen, préiwen den Ament och, ob déi kenianesch Police an de Fall verwéckelt war, respektiv ob si ausgelooss hunn, d’Strofdoten ze verhënneren.

Back to Top
CIM LOGO