
SpaceX erméiglecht private Persoune sech e Fluch an de Weltraum ze kafen. Bei de leschte Flich hunn d’Passagéier ëmmer an der Rakéit misse bleiwen. Fir en Dënschdeg war awer den éischte Fluch geplangt, bei dem d’Privatpersounen de Modüll verloossen an am Weltraum e sougenannte Spadséiergang maachen dierfen.
Eigentlech sollt d’Missioun mam Numm Polaris Dawn en Dënschdeg um 03.38 Auer zu Florida starten. Den Depart huet awer misse verréckelt ginn, well en Helium-Léck um Buedem méi genee muss ënnersicht ginn. Helium ass e Gas, wat net brennt a benotzt gëtt, fir de Sprit ënner Drock ze setzen.
D’Maschinn soll elo de Mëttwoch starten. Wann awer weider Aarbechte misste gemaach ginn, da géif een de Fluch op en Donneschdeg oder Freideg verréckelen.
U Bord solle véier Persoune sinn, déi d’Rakéit am All da verloossen dierfen: Zwou Mataarbechterinne vu SpaceX, d’Sarah Gillies an d’Anna Menon, den US-Milliardär Jared Isaacman an de Pilot Scott Poteet.