Republikaner an den USA"Project 2025" - E politescht Manifest

RTL Lëtzebuerg
Offiziell haten d'Republikaner op hirem Parteikongress am Juli zu Milwaukee kee Parteiprogramm präsentéiert.
© afp

An trotzdeem zirkuléiert en Dokument a politesche Kreesser, dat vu villen Demokraten als genau dat ugesinn a vehement bekämpft gëtt.

Project 2025 / Korrespondenz aus den USA vum Georges Zens

De sougenannte Project 2025 ass e politescht Manifest, dat schonn d’lescht Joer publizéiert gouf, awer réischt an de leschte Méint zu engem Walkampfthema ginn ass.

Den Editeur ass d’Heritage Foundation, e stramm konservative Think Tank zu Washington DC, deen e groussen Afloss op déi republikanesch Partei a Politik huet.

Op méi wéi 900 Säite ginn hei Mesurë proposéiert, déi eng republikanesch Administratioun sollt 2025 ëmsetzen, fir d’USA an eng méi konservativ Richtung ze bréngen, oder wéi et do heescht, nees zréck op de richtege Wee ze féieren. Déi Virschléi reechen an all Domainer vun der amerikanescher Politik a Gesellschaft, souwuel inne- wéi och aussepolitesch.

Allgemeng sollen evangeelesch-chrëschtlech Wäerter méi eng grouss Roll spillen, an de Staat, haaptsächlech de Federalstaat, méi eng kleng. Sou muss alles wat “woke” oder presuméiert “woke” ass, bekämpft ginn an däerf op kee Fall vum Staat ënnerstëtzt ginn. Den Avortement gëtt kriminaliséiert. De Staat soll sech aus der Ekonomie eraushalen, mee gläichzäiteg méi protektionistesch ginn.

All Mesurë géint de Klimawandel solle réckgängeg gemaach ginn. Vill federal Staatsverwaltunge sollen ofgeschaaft oder drastesch reduzéiert ginn, dorënner den Educatiounsministère an d’Ëmweltverwaltung. Et ass net fir d’éischt, dass d’Heritage Foundation esou en Dokument publizéiert an Afloss op e republikanesche Präsident huet. Sou zum Beispill op de Ronald Reagan an den George W. Bush. Mee dës Editioun ass besonnesch brisant, net eleng well se wesentlech méi radikal riets an hire Revendicatiounen ass, wéi fréier Editiounen, mee och wéinst der Persoun Donald Trump.

E gudden Deel vun deene méi wéi 400 Auteure vum Manifest kommen aus dem Donald Trump sengem Entourage, a si maache sech Hoffnungen, dass hir Visioune vun enger chrëschtlech-theokratescher Gesellschaft kéinte Realitéit ginn, wann hien d’Walen am November gewënnt.

Den Donald Trump selwer huet sech bis elo allerdéngs ëmmer vum Project 2025 distanzéiert a behaapt
hien hätt näischt domat ze dinn. Ob aus Iwwerzeegung oder aus politescher Berechnung, dat ass nach net
gewosst.

Back to Top
CIM LOGO