Trotz jorelaange VirbereedungenProjet vun engem gemeinsamen däitsch-franséische Kampfjet gescheitert

RTL mat AFP
D'Enn vum Projet vum gemeinsame Kampfjet wier allerdéngs net d'Enn vun der däitsch-franséischer Kooperatioun am Domän vun der Rüstung.
Den däitsche Kanzler Merz an de franséische President Macron diskutéieren um Bord vum EU-Westbalkan-Sommet a Montenegro mateneen.
Den däitsche Kanzler Merz an de franséische President Macron diskutéieren um Bord vum EU-Westbalkan-Sommet am Montenegro mateneen.
© LUDOVIC MARIN/AFP

Däitschland a Frankräich wäerten net méi zesummen un der Entwécklung vun engem gemeinsame Kampfjet schaffen. De Projet FCAS kënnt domat offiziell ouni Resultat op en Enn. Den däitsche Kanzler Merz an de franséische President Macron wieren zu der gemeinsamer Erkenntnis komm, dass déi zwee vun der Entwécklung vun FCAS bedeelegt Entreprisen - Dassault op der franséischer an Airbus op der däitscher Säit - beim Bau vun engem gemeinsame Kampfjet net wäerten zesummefannen. Dat mellt d'Noriichtenagence AFP, déi sech fir dës Informatioun aus Sourcen aus dem Ëmfeld vun der däitscher Regierung bezitt.

Wéi déi dätsch Noriichte-Chaîne ntv mellt, soll d'Scheitere vun dësem Projet awer net d'Enn vun der däitsch-franséischer Kooperatioun am Domän vun der Defense bedeiten. Esou soll weiderhin un engem iwwergeuerdente System geschafft ginn, deen et méi liicht maache soll, franséisch respektiv däitsch Fligeren an Dronen zesummen anzesetzen. Am Kader vum däitsch-franséische Ministerrot Mëtt Juli soll ausserdeem en Aarbechtsplang mat gemeinsame Rüstungsprojeten ausgeschafft ginn.

Back to Top
CIM LOGO