
An der Verhandlung, déi sech bis an d’Nuecht era gezunn huet, gouf vun de Riichter bis ewell mol just d’Scholdfro gekläert. Wéi genee d’Strofe wäerten ausgesinn, dat gëtt eréischt am September decidéiert.
De bekanntsten Ugekloten ass wuel de Salah Abdeslam, deen och an d’Attentater vu Paräis 2015 involvéiert war. Hie gouf an der Nuecht op e Mëttwoch ënnert anerem wéinst Aktivitéiten an enger terroristescher Vereenegung schëlleg gesprach.
Zum Zäitpunkt vun den Explosiounen um Flughafe vu Zaventem an an enger Bréisseler Metro souz hien zwar schonn am Prisong, mä hie soll d’Attacke mat geplangt gehat hunn.
Deemools waren zu Bréissel 32 Mënschen ëm d’Liewe komm, méi wéi 300 goufen der deels schwéier blesséiert.

An alle Punkte schëlleg gesprach gouf och de Mohamegd Abrini. Hie sollt deemools um Flughafen u sech eng drëtt Bomm zünden, war awer geflücht a gouf an der Suitte als “Mann mam Hutt” bekannt, well mat esou enger Foto no him gesicht gi war.
Och hie war zu Paräis schonn zu liewenslänglechem Prisong verurteelt ginn.