Muechtkampf a RusslandPutin hält Ried no Wagner-Revolt, Prigoschin dementéiert Coup

RTL Lëtzebuerg
De russesche President Putin sot der Populatioun an de Forces de l'ordre Merci, déi sech der Revolt vun der Privatarméi Wagner an de Wee gestallt hunn.
© AFP/NATALIA KOLESNIKOVA

An enger Ried um Staatsfernsee huet sech de Kremlchef awer och un d’Söldner geriicht. Si hätten de Choix: Entweder a Belarus oder zeréck bei hir Familljen ze goen, oder der russescher Arméi bäizetrieden.

Domat probéiert hie wuel d’Spléckung vum Land z’evitéieren. Fir vill Russen hunn d’Wagner-Söldner grouss Meritter am Ukrainkrich.

A senger Ried huet de russesche President Putin och ze bedenke ginn, dass et virop Kiew an dem Westen zegutt komm wär, wa Wagner an déi russesch Arméi sech méi laang beschoss hätten.

Allerdéngs huet de Putin fir d’éischt och Affer wärend der Revolt confirméiert. Et wäre russesch Piloten ëmkomm, déi sech de Wagner-Truppen entgéint gestallt haten.

Och de belarussesche Staatschef Lukaschenko krut Merci gesot fir d’Mediatioun am Konflikt. Dem Lukaschenko no goufen d’Tensiounen tëscht Wagner an der Arméi schlecht gemanaged.

Keen hätt d’Situatioun méi am Grëff gehat. Et géif keng Helden an deem Fall ginn. Dat sot de Lukaschenko der staatlecher Noriichtenagence Belta en Dënschdeg.

Déi belarussesch Arméi wär wärend dem Wagner-Opstand de Weekend alertéiert a bereet fir den Asaz gewiescht. De Wagner-Chef Jewgeni Prigoschin, deen de Marsch op Moskau finalement awer gestoppt hat, kann a Belarus ënnerkommen. Och hien huet sech déi éischte Kéier nom Enn vun der Revolt zu Wuert gemellt.

© © TELEGRAM/ @concordgroup_official/AFP/Archiv/Handout

An enger Sproochnoriicht, déi vu sengem eegene Pressedéngscht op der Plattform Telegram diffuséiert gouf, dementéiert den 62 Joer ale Söldner-Chef, e Muechtwiessel zu Moskau ugestrieft ze hunn. D’Truppe wäre lassmarschéiert fir ze protestéieren, net fir e Coup d’Etat duerchzeféieren.

Hien huet de Reproche géint de russesche Verdeedegungsministère widderholl, schonn e Freideg e Militärlager vun de Söldner attackéiert ze hunn. Dobäi wieren 30 Wagner-Kämpfer ëm d’Liewe komm. Iwwerdeems hätt de Ministère eng Opléisung vun der Privatarméi ugestrieft, esou de Prigoschin.

Ausseminister Asselborn kommentéiert d’Situatioun

Den Ausseminister Jean Asselborn huet den Dënschdeg de Moie bei den däitsche Kolleegen um “Norddeutscher Rundfunk” an engem Interview gesot, de Putin wier méiglecherweis elo nach eng Zäit op sengem Poste gefestegt.

“D’Gefor ass, dass hie weess, dass wann en de Krich net gewënnt, fort ass. Dat kann dozou féieren, dass de Krich an der Ukrain nach méi brutal gefouert gëtt. Ech sinn der Meenung, dass no baussen hi Länner wéi Indien, Brasilien, Südafrika - mee virun allem och China - gesinn, dass de Putin ugeschloen ass a seng politesch Omnipotenz verluer huet.”

Dat kéint dozou féieren, dass dës Länner net alles op eng Kaart setzen. Mat enger Destabilisatioun vun der Regierung Putin wéisst een awer net, wat dono kënnt.

“Et gi vill Milize wéi de Wagner-Grupp a Russland. Et gëtt nach de Veräin vum Kadyrow, Gazprom huet esou een Departement an och de Geheimdéngscht. Dat si Geforen, déi an engem Land wéi Russland existéieren, wann et zu engem Zerfall vun der Muecht kënnt.”

D’Konsequenze vun engem Kontrollverloscht kéinte grave sinn, sou de Jean Asselborn, deen och nach drop higewisen huet, dass Russland dat Land op der Welt wier, mat deene meeschten Atomsprengkierper.

Back to Top
CIM LOGO