Ukrain-KrichPutin schwätzt vun "eedelen Ziler" am Donbass

Petz Bartz
De russesche President huet der Ukrain d'Schold ginn, dass d'Friddensgespréicher feelgeschloe wieren an aktuell keen diplomateschen Dialog méi besteet.
Ukrain-Krich: Entwécklungen um 12. Abrëll 2022
Déi wichtegst Entwécklungen aus de leschte 24 Stonne kuerz zesummegefaasst.

Déi sougenannt “militäresch Spezialoperatioun” géif awer wéi geplangt weiderlafen. Russland an d’Ukrain zéien hir Truppen am Donbass, am Oste vun der Ukrain zesummen, wou an den nächsten Deeg den Ufank vun der entscheedender Schluecht erwaart gëtt. Explikatiounen zu de wichtegsten Entwécklunge bannent de leschte 24 Stonnen elo vum Petz Bartz.

Ausfluch um Dënschdeg mam Homolog Alexander Lukaschenko aus Belarus mat als Erfrëschung enger Koppel Fläsche vun importéiertem Mineralwaasser, dat et méiglecherweis nach virun de Wirtschaftssanktiounen aus Norwegen a Russland gepackt hat. D’Visitt goung an de Vostochny Cosmodrome am Amur Oblast am déifste russeschen Oste bal 6.000 km ewech vu Moskau.

Dem Vladimir Putin no hätt hie mat der Invasioun vun der Ukrain déi richteg Decisioun geholl. Hir Ziler wiere kloer an eedel. Engersäits wéilt een de Leit am Donbass hëllefen a se retten an anerersäits wéilt een d’Sécherheet vu Russland assuréieren. Et hätt ee kee Choix gehat.

Manner realitéitsfriem an duerfir méi mat Fakte konfrontéiert, bekëmmert sech zu Charkiw eng Spezialunitéit vum ukrainesche Militär ëm d’Stroossen, déi vum russesche Militär verminnt goufen. Et geet drëms d’Material, wat do läit z’entschäerfen, d’Infrastrukturen ze kontrolléieren an ze sécheren a se dann erëm fir den ziville Verkéier opzemaachen.

Zu Butscha bei Kiew sinn d’Autoritéiten dogéint mat der forensescher Aarbecht befaasst. Et geet drëms d’Verbriechen un der Zivilpopulatioun ze dokumentéieren. Geriichtsmedeziner droe Beweiser a Fakten zesummen. Déi Hannerbliwwe sichen no Vermëssten a leiden an Trauer. An an der Erënnerung un déi Woche vun der russescher Besatzung.

Si haten en Uerder. Wat der hei zu Butscha gesitt, an an den Dierfer ronderem Kiew, sinn net nëmme Krichsverbriechen: et si Verbrieche géint Mënschlechkeet”, sou d’Iryna Venediktova Procureur général.

Zu Mariupol um Azov-Mier wiere méiglecherweis méi wéi 20.000 Zivilisten am russesche Siège ëmkomm, sou de Buergermeeschter vun der Stad. Zanter e Méindeg zirkuléiert och d’Noriicht, déi schonn de Wee fonnt huet bis bei de President op Kiew, dass eng “gëfteg Substanz” géint ukrainesch Zivilisten a Militär agesat gi wier, déi sech den Ament nach an der Stad ophalen.

Déi puer Betraffen hätte kuerzen Otem a Gläichgewiichtsstéierungen. Koume cheemesch Waffen an den Asaz, ass elo d’Fro. Observateure, an och den Investigativgrupp Bellingcat si skeptesch, zemools och am Kontext vun de beschriwwene Symptomer an der klenger Zuel vu Patienten.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO