PortugalRees-Limitatioune vun e Freideg un a Kraaft

RTL Lëtzebuerg
No engem neien Héchstwäert bei der Zuel vun de Corona-Doudegen an den Infektiounen huet déi portugisesch Regierung Restriktioune fir d'Reesen decidéiert.
© AFP (Archiv)

Vun e Freideg u gëllt fir op d’mannst zwou Wochen een Ausreesverbuet. Mat e puer Ausnamen, wéi medezinesch Noutfäll, si Reese mam Fliger, mam Zuch oder Schëff da verbueden. Kontrolle sollen awer un der Grenz mat Spuenien eréischt vun de Sonndeg u gemaach ginn. Dat, well béid Länner, déi zum Schengenraum gehéieren, nach virdrun iwwert d’Modalitéite misste verhandelen. Et wéilt een d’Grenzen net komplett zoumaachen, mä d’Beweegungsfräiheet vun de Bierger limitéieren. Op Frontalieren dovunner betraff sinn, ass aktuell nach net kloer.

D’Gesondheetsautoritéiten hate virdru matgedeelt, datt bannent de leschte 24 Stonnen 303 Mënschen no enger Infektioun mam Coronavirus gestuerwe sinn. D’Zuel vun den Neiinfektiounen ass bannent engem Dag ëm 16.432 geklommen.

A Portugal gëllt zanter dem 15. Januar ee landeswäite Lockdown. Zanter dem Ufank vun der Pandemie sinn a Portugal (Ronn 10 Milliounen Awunner) op d’mannst 11.608 Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen, an de leschten zwou Woche waren et eleng iwwer 3.000 Persounen.

E Mëttwoch hat de Regierungschef Antonio Costa vun engem “giganteschen” Drock op d’Klinicken duerch déi staark Hausse bei den Infektioune geschwat.

Back to Top
CIM LOGO