
Dat melle Medie vun Den Haag. D’Regierung vum Mark Rutte zitt domadder d’Konsequenzen aus enger Affär ronderëm Kanner-Subventiounen. Jorelaang haten Autoritéiten ronn 20.000 Elteren zu Onrecht Bedruch vu Kanner-Subventioune reprochéiert an d’Geld zeréckgefuerdert. Dat huet vill Familljen a finanziell Noutsituatioune bruecht, well si deels iwwer 10.000 Euro hu missen zeréckbezuelen.
“De Rechtsstaat muss seng Bierger virun allem virun enger allmächteger Regierung schützen, an dat ass hei fuerchtbar schif gelaf”, waren d’Wierder vum Ministerpresident Mark Rutte e Freideg. Den Drock op d’Regierung ass méi grouss ginn, wéi de Parteichef vun de Sozialdemokraten Lodewijk Asscher en Donneschdeg säi Récktrëtt annoncéiert hat.
Weider huet de Rutte gesot, dass hie seng Récktrëttserklärung schonn dem Kinnek Willem-Alexander iwwerreecht hätt. Ëmfroen no hätt seng biergerlech-liberal Partei och bei den nächste Walen nees gewonnen.