DäitschlandRegierung wëll nach dëse Mount Agrement fir Corona-Medikament kréien

RTL Lëtzebuerg
Et huet ee sech schonn 1 Millioun Unitéite vum Produit Paxlovid geséchert. Och Lëtzebuerg huet schonn 20.000 Dose reservéiert.

Den däitsche Gesondheetsminister Karl Lauterbach huet sech am Interview mat der “Welt am Sonntag” zouversiichtlech gewisen, dass et mat enger Nout-Zouloossung kéint klappen. Déi national däitsch Medikamenten-Agence kéint domadder dat antiviraalt Mëttel Paxlovid, dat de Virus drun hënnert sech ze reproduzéieren, an Däitschland scho virun der Decisioun vun der EMA op EU-Niveau zouloossen. Den däitsche Gesondheetsministère hätt sech schonn eng Millioun Unitéite vum Produit vertraglech geséchert.

Eppes wat och d’Lëtzebuerger Santé schonns gemaach huet. Wéi d’Tageblatt nämlech aus dem Gesondheetsministère confirméiert krut, hätt d’Regierung 20.000 Dosen Paxlovid reservéiert. Dës géifen iwwert d’ganz Joer verdeelt no an no geliwwert ginn.

Back to Top
CIM LOGO