
Schold ass de Klimawandel, seet de Wladimir Krewer vun der Ëmweltstëftung WWF zu Moskau. De Schnéi an d’Äis géingen ze séier schmëlzen, wat als Konsequenz hätt, dass Flëss méi grouss ginn. Vill trächteg Weibercher missten duerch dat äiskaalt Waasser schwammen, iwwert dat se normalerweis trëppelen. Och d’Sich no Nahrung wier méi schwéier, well amplaz Schnéi dacks Äis iwwert de Planzen ass.
Ma net just trächteg Déiere si betraff. Och déi jonk Rendéieren erdrénke beim Eriwwerschwammen, well hinnen déi néideg Kraaft feelt. Eng 200 Jongdéiere wieren duerno eleng um Ufer zeréckbliwwen, heescht et am WWF-Bericht. Vill vun hinne géifen duerno vu Stroossenhënn attackéiert ginn.
De WWF schätzt, dass sech de Bestand vun den Tundra-Rendéieren, déi um Nordpolarmier liewen, an de leschten 10 Joer ëm ronn 400.000 reduzéiert huet.
A Russland liewen 2 Aarte vu Rendéieren: déi eng an de Bëscher, déi aner an der Tundra. Si wiere wichteg fir d’Funktionéiere vum Ökosystem an fir déi indigen Vëlker. Ouni d’Rendéiere kënne si net existéieren.