
Am franséische Grenzgebitt konnt e gréissere Reseau opgedeckt ginn vu Leit, déi systematesch Koffer geklaut hunn. Knapp 500 Tonnen hate si zanter Ufank 2025 geklaut. Si ware haaptsächlech am Grand-Est awer och an der Île-de-France an an der Normandie aktiv, schreift de Républicain Lorrain. De geklaute Koffer hätt ëmmerhin eng Valeur vun iwwer 2,7 Milliounen Euro gehat.
16 Leit goufe festgeholl, vun deenen der 6 an Untersuchungshaft koumen an 10 ënnert Contrôle judiciaire gestallt goufen. An der Haaptsaach wieren Koffer-Kabele vum Reseau vun enger grousser Telekommunikatiounsfirma zerschnidden an matgeholl ginn.