
E ganze Koup Rietsextremer hunn e Samschdeg um Bord vun der Demonstratioun géint déi däitsch Corona-Politik versicht d’Reichstag-Gebai ze stiermen.
Vill Politiker hu sech entsat gewisen iwwer dës Aktioun. Et wier „eekleg“ an „fir sech ze schummen“.
Den däitschen Inneminister Horst Seehofer sot, de Staat misst géintiwwer vun esou Leit null Toleranz weisen a mat konsequenter Hand duerchgräifen. Och den Ausseminister Heiko Maas sot et wier natierlech an der Rei, fir iwwer den Ëmgang mam Corona ze streiden, mä kee sollt dofir Rietsextremen hannendru lafen, Policebeamten a Gefor bréngen a si engem Infektiounsrisiko aussetzen.
D’Maniff war och schonn e Samschdeg am fréie Mëtteg ofgebrach ginn, well sech keen un d’Sécherheetsreegele gehalen huet.
Déi grouss Majoritéit vun de Leit sinn e Samschdeg awer friddlech bliwwen, ma op ville Plaze wär d’Situatioun eben och eskaléiert. Dat ëmmer nees duerch Leit mat engem rietsextremen Hannergrond. Iwwerall waren d’Symboler vum rietse Spektrum ze gesinn. D’AfD an aner riets Gruppéierungen haten dozou opgeruff um Protest Deel ze huelen.
RTL-NEWS: Corona-Demo zu Berlin géint Bill Gates a 5G
RTL-NEWS: Méi wéi 35.000 Persounen hu sech op der Corona-Demo zu Berlin versammelt