Corona-Demo zu Berlin - Géint Bill Gates a 5GRobert Francis Kennedy, den Neveu vum fréieren US-President war Riedner

RTL Lëtzebuerg
Zéngdausende Mënsche versammele sech an der däitscher Haaptstad fir géint d'Corona-Mesuren ze protestéieren. Wat fuerderen d'Riedner iwwerhaapt?

Den Initiateur vun der Demonstratioun, de Michael Ballweg vun der Stuttgarter Initiativ “Querdenken” fuerdert, dass alleguerten d’Gesetzer, déi zum Schutz virun der Corona-Pandemie existéieren, opgehuewe ginn. Am gläichen Otemzuch gëtt dann och d’Zerécktriede vun der däitscher Regierung gefuerdert. Dofir krut de Riedner och groussen Applaus. Weider gouf awer och der Police Merci gesot, dass ee friddlech konnt demonstréieren.

Besuch vu scho bal historeschem Charakter gouf et vum US-Jurist, Ëmweltaktivist am Impfgéigner Robert Francis Kennedy junior, de Neveu vum fréieren US-President John F. Kennedy. Hien huet sech a senger Ried géint d’Opriichte vun engem 5G-Netz ausgeschwat a warnt virun engem Iwwerwaachungsstaat. Hien huet an deem Zesummenhang och de Microsoft-Grënner Bill Gates attackéiert.

De Kennedy betount, dass säi berüümte Monni deemools zu Berlin seng berüümte Ried gehalen huet, well d’Stad als “Front géint den Totalitarismus stoung. Dës wier Berlin an dësen Zäiten och nees.

Attacken op d’Police: Méi wéi 35.000 Persounen hu sech op der Corona-Demo zu Berlin versammelt

Back to Top
CIM LOGO