
Elo huet den zoustännege Riichter Scott McAfee dräi Punkten aus der Uklo géint den Trump a seng Matugeklote verworf. Zwee vun de Punkten, déi de McAfee verworf huet, betreffen den Donald Trump direkt. Dëse muss sech elo wéinst aacht Uklopunkte veräntwerten.
Déi ganz Uklo wollt de Riichter awer net verwerfen. De Presidentschaftskandidat vun de Republikaner a seng Matugeklote kréien ënner anerem “racketeering”, also Organiséiert Verbrieche reprochéiert.
Den Trump ass am amerikanesche Südstaat wéinst Walmanipulatioun ugeklot. Hie soll versicht hu seng Néierlag am Georgia bei de Presidentiellen am Joer 2020 an eng Victoire ëmzewandelen. Hien hat de Chef vum Walbüro am Bundesstaat iwwer Telefon opgefuerdert, d'11.780 Stëmmen “ze fannen”, déi fir d’Victoire gefeelt hunn.
D’Procureure vum Prozess war am Summer zejoert an d’Schlagzeile geroden, well si eng Affär mat engem vun hiren Enquêteuren hat. Dem Trump seng Affekoten hunn doropshin alles dru gesat, dass si vum Fall ofgezu gëtt. Och d’Decisioun vum Supreme Court, dass en amerikanesche President fir Handlungen, déi hien a sengem Amt ausüübt deelweis Immunitéit genéisst, spillt an dës Affär mat eran. Dat alles huet dozou gefouert, dass den Optakt vum Prozess, deen eigentlech op de 5. August fixéiert war, bis op Weideres verréckelt ass.