
Och an Éisträich ginn et aktuell net vill Méiglechkeeten, fir seng Fräizäit ze verbréngen. Dofir ass et wéineg verwonnerlech, datt déi oppe Schigebidder ganz vill Touristen ugelackelt hunn. U sech sinn d’Gebidder fir jiddereen op, well een awer als Auslänner 10 Deeg a Quarantän muss, verbrénge quasi just Éisträicher hir Zäit an dëse Regiounen. Den Undrang war esou grouss, datt een deels laang Stauen huet missten hannert sech bréngen, fir an déi spezifesch Regiounen ze kommen.
Fir déi Leit, déi et da gepackt hunn, war et eng grouss Ofwiesslung, fir bei herrlechem Wanterwieder kënnen dobausse Schi ze fueren. A fir Verschiddener ass et ganz kloer, wien Angscht huet, soll einfach doheem bleiwen. Dat schéngen awer just wéineg Schifuerer gemaach ze hunn, well vill vun de Regioune waren un d’Limitte vun hire Kapazitéite geroden. Duerch Corona gouf et awer verschidde streng Mesuren, esou waren d’Restauranten zou an op de Schilift koum ee just mat enger FFP2-Mask. Fir d’Bedreiwer an de Regiounen ass et kloer: Mat deene Mesuren ass Schifueren ongeféierlech a souguer gesond.
An Oberösterreich ginn et awer elo méi streng Mesuren. Esou ginn et manner Parkplazen, fir esou schonn d’Zuel vun de Leit op de Pisten ze miniméieren. Awer och muss méi Plaz an de Schlaange gelooss ginn a méi Sécherheetspersonal soll dofir suergen, datt dës Mesuren och agehale ginn.
Well soss an Éisträich och alles zou ass, dat mam drëtte Lockdown, wier et psychologesch wichteg, datt ee kann entspanen an ofschalten, heescht et vun der Politik. Mëtt Januar kënnt et am Land dann zum sougenannte “Freitesten”. Wie bei dëser Teststrategie negativ ass, deen dierf och nees an de Restaurant oder Bistro, wie positiv ass oder sech net teste léist, gëtt net eragelooss.