Däitsch Entreprise A3MRisikokaart weist, wou et am geféierlechsten op der Welt ass

RTL Lëtzebuerg
Wie wëlles huet dëst Joer vill ze reesen, dee kéint dëse Sujet interesséieren. Well verschidden Destinatioune si méi geféierlech, wéi ee villäicht mengt.

Eng nei Risikokaart, déi viru kuerzem publizéiert gouf, weist, op wéi enge Plazen op der Welt et am Moment am geféierlechsten ass.

Ob Krich, Naturkatastrophen oder Onrouen. 2022 huet eis gewisen, datt et vill geféierlech Plazen op der Welt ginn an déi guer net esou wäit fort vun hei sinn. Déi däitsch Entreprise A3M beschäftegt sech zanter 2004 mat Krisen op der ganzer Welt an huet elo eng Risikokaart verëffentlecht, op där d’Welt a fënnef verschidde Faarwen opgedeelt ass. D’Faarwe gi vu Rout fir “ganz héije Risiko”, iwwer Orange a Giel fir “héisch Gefor” bis op Hell- an Donkelgréng fir “niddrege Risiko”. Mä no wéi enge Critèrë goufen déi verschidde Gebidder dann agestuuft? De Samed Kizgin vun A3M Global Monitoring.

“Zu den Kriterien gehören einerseits sicherheitsrelevante Bereiche, wie Konflikte, Kriminalität, Terrorismus oder regelmäßig stattfindende gewaltsame Proteste. Andererseits aber auch Naturgefahren, wie Wirbelstürme, Erdbeben, Vulkane und vieles weitere.”

Opfälleg ass, datt wierklech net vill Länner donkelgréng, also net geféierlech, gezeechent sinn. Nieft eisen däitschen Nopere gehéieren och d’Benelux-Länner dozou, genee sou wéi Dänemark, Norwegen, Finnland, d’Schwäiz, Island, d’Slowakei a Kanada. De Rescht vun Europa ass awer gréisstendeels hellgréng gefierft. Wierklech geféierlech ass et op anere Plazen.

“Die größten Gefahren gehen natürlich immer von aktiven bewaffneten Konflikten aus. Solche finden sich beispielsweise in der Sahel-Zone Afrikas, aber eben auch, wie uns allen seit nun fast einem Jahr täglich vor Auge geführt wird, in der Ukraine. Hier besteht unmittelbare Lebensgefahr und gerade in vielen Gebieten Zentralafrikas muss davon ausgegangen werden, dass ausländische Reisende gezielt Opfer von Angriffen werden können. Hier ist insbesondere die Planungsphase wichtig, in der man sich zunächst alle möglicherweise auftretenden Gefahren bewusst machen muss, um anschließend ein Sicherheitskonzept entwickeln zu können, dass auf Erwartbares vorbereitet ist und auf Überraschendes reagieren kann.”

Ma net just Krich mécht verschidde Gebidder esou geféierlech. Demonstratiounen, wéi a China oder am Iran, suerge fir ëmmer méi ee grousst Opkomme vu Risikogebidder. Nieft der Politik suergt awer och de Klimawandel fir vill Onrou. 2022 war an Europa zum Beispill e Rekordjoer, wat Bëschbränn ugeet. Nach ni huet et esou vill gebrannt, wéi d’lescht Joer. An och Schnéistierm wéi zu New York oder Tropestierm a Florida si rezent Beispiller, wat fir eng Kraaft d’Klima huet. Wann der är Vakanz fir dëst Joer also nach net geplangt hutt, lount et sech virdrun nach e Bléck op d’Risikokaart vun A3M ze werfen.

Hei fannt der d’Risikokaart vun A3M.

Back to Top
CIM LOGO