
Vun 2015 bis 2023 Joer goufe bei eisen däitschen Noperen 1 bis 6 Fäll d’Joer enregistréiert, dëst d’Joer sinn et der deemno schonn eng jett méi. Ma och an Éisträich an Dänemark goufe schonn Infektiounen duerch de Salmonella Umbilo. Schold dru kéint Zalot sinn, Rucola aus Italien.
Dëst zäitlecht Optriede léisst op eng Verbindung schléissen, dass et sech ëm e Liewensmëttel handelt, dat een a ganz Däitschland ze kafe kritt. Nodeems dunn och déi Betraffe befrot goufen, huet alles drop higewisen, dass Rucola d’méiglech Quell ass. An Éisträich wier d’Salmonellenzort schonn a Prouwe vu Rucola-Zaloten aus Italien nogewise ginn. Et wier deemno dovun auszegoen, dass d’Majoritéit vun de Krankheetsfäll an Däitschland, Éisträich an och Dänemark duerch kontaminéierte Rucola ervirgeruff goufen.
Éischt Fäll wieren dem RKI Enn Juli an Däitschland opgefall. Ufank August wieren d’Infektioune dunn däitlech an d’Luucht gaangen, mat 16 bis 18 Fäll pro Woch. Betraff wieren och sämtlech Bundeslänner ausser Bremen an d’Saarland. Doudesfäll gouf et keng.
Salmonella Umbilo ass eng méi seele Form vun der Bakterienaart Salmonella enterica. Ma wéi bei all Salmonellen-Typ kann een eng Liewensmëttelinfektioun entwéckelen, verbonne mat den typesche Symptomer: Duerchfall, Bauchwéi a Krämp, Iwwelzegkeet, sech iwwerginn a Féiwer. Virun allem bei klenge Kanner, eelere Persounen a Leit mat engem geschwächten Immunsystem kann et zu engem schwéiere Verlaf kommen.