Fir de Petz Bartz an de Jean-Baptiste Verwaerde steet eng Rees duerch zéng US-Bundesstaaten um Programm, éier si dann de 5. November, also um Waldag selwer, an der Haaptstad Washington D.C. ukommen.
Um Wee fir dohinner geet et ënner anerem duerch d’Swing States Michigan, Wisconsin a Pennsylvania. Den Optakt huet en Dënschdeg, den 29. Oktober, also genee eng Woch virum Waldag, e Reportage aus dem Bundesstaat Minnesota am Mëttlere Weste gemaach. Dat ass jo net just d’Heemecht vum Tim Walz, dem demokratesche Kandidat fir d’Vizepresidentschaft, mee an där Géigend gëtt et och eng Hellewull Lëtzebuerger, well der am 19. Joerhonnert vill dohinner ausgewandert sinn.
Begleet eise Journalist Petz Bartz an enger Serie vu Reportagen op sengem Roadtrip Richtung Washington. Daucht a mat eis an déi amerikanesch Gesellschaft, léiert d’US-Geschicht kennen an erlieft d’US-Politik.
Nieft dem Duo Bartz-Verwaerde ass och d’Annick Goerens fir eis an de States ënnerwee. Andréck vun him héiert Dir ënnert anerem op Radio Lëtzebuerg an Dir fannt der och op den RTL-Plattformen an de soziale Medien (Facebook, Instagram, TikTok). Aus Florida mellt sech d’Anne Wolff a reegelméisseg schwätze mir och mat eisen US-Korrespondente Philip Crowther (Tëlee) a George Zens (Radio).
D’US-Walen op RTL: Sidd derbäi!
