Ëmstridden DecisiounRobert Kennedy Jr. vum US-Senat als Gesondheetsminister confirméiert

RTL Lëtzebuerg
Obwuel vill Leit esouguer aus der eegener Famill virum RFK Jr. gewarnt hunn, huet de Senat de Robert Kennedy Jr. als Gesondheetsminister confirméiert.
Den RFK virum amerikanesche Kongress den 29. Januar 2025.
Den RFK virum amerikanesche Kongress den 29. Januar 2025.
© AFP/Archives/Alex Wroblewski

Dëst ass eng weider Victoire fir den neien US-President Donald Trump. Säi fréiere politesche Géigner am Walkampf Robert Kennedy Jr., deen als Liberalen an d’Course goung, sech do zeréckgezunn huet, fir dem Donald Trump zur Säit ze stoen, gëtt Gesondheetsminister. De Kennedy krut eng knapp Majoritéit vun 52 géint 48 Stëmmen hannert sech.

Dobäi gouf et vill Kritik un der Persoun RFK Jr. Den Neveu vum fréieren US-President John F. Kennedy hat an de leschte Jore sech vehement géint d’Impfunge gestallt a souguer Verschwierungstheorien doriwwer verbreet. Grad dowéinst war d’Kritik grouss, datt déi Persoun dee Ministère sollt iwwerhuelen.

Virun der Confirmatioun duerch de Senat gouf et eng hëtzeg Unhéierung, wou sech den 71 Joer ale Kennedy géint d’Virwërf, en Impfgéigner ze sinn, gewiert huet. Ënner anerem war hien opgefuerdert ginn, kloer ze soen, datt d’Impfungen sécher sinn. Dorobber sot den RFK Jr., datt seng Kanner geimpft wieren an hie just fir eng méi streng Kontroll vun der medezinescher Säit wier.

Den Donald Trump an de Robert Kennedy Jr. bei engem Evenement vum Republikaner senger Walcampagne den 23. Oktober am US-Bundesstaat Georgia.
Den Donald Trump an de Robert Kennedy Jr. bei engem Evenement vum Republikaner senger Walcampagne den 23. Oktober am US-Bundesstaat Georgia.
© © GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Anna Moneymaker

Seng Kritiker, déi deels aus der eegener Famill kommen, werfen him vir, déi leschte Jore geziilt Feelinformatiounen iwwer Vaccine verbreet ze hunn, haaptsächlech géint déi vun de Riedelen. Ënner anerem hat de Kennedy gesot, datt Impfungen en Ausléiser fir Autismus kéinte sinn, wat wëssenschaftlech widderluecht ass.

Seng Cousine Caroline hat en engem Bréif gefuerdert, d’Nominatioun ze rejetéieren. Hier no huet de Robert Kennedy Jr. d’Verzweiwlung vun Elteren, deenen hir Kanner krank sinn, ausgenotzt, fir si politesch op seng Säit ze zéien. An och den Direkter vum “Vaccine Education Center” vum Kannerspidol zu Philadelphia huet de Kennedy als “e geféierleche Mann, deen Angscht mécht” bezeechent. Fir de Paul Offit wäert de Kennedy “vill Schlechtes maachen”. De Pediater fäert, datt duerch seng Nominatioun vill Leit wäerten “d’Vertrauen an d’Impfunge” verléieren an domadder géif den Impftaux bei ganz klenge Kanner erofgoen. Dat an engem Land, an deem no Covid-19 d’Vertraue scho gefall ass an et eng Hausse vu Bloen Houscht am de Riedele gëtt, esou den Dokter nach géintiwwer AFP.

Bal universell begréisst gëtt allerdéngs eent vum neien Gesondheetsminister sengen Ziler an zwar d’Reklamme fir Medikamenter op der Tëlee ze verbidden. Dat huet bis elo nach kee vu senge Virgänger fäerdegbruecht.

Back to Top
CIM LOGO