Perséinlechen Affekot vum TrumpRudy Giuliani positiv op Coronavirus getest

RTL Lëtzebuerg
De perséinlechen Affekot vum aktuellen US-President Donald Trump, Rudy Giuliani, ass positiv op de Coronavirus getest ginn.
© AFP (Archiv)

Dat huet den Trump e Sonndeg iwwer Twitter bekannt ginn. De fréiere Buergermeeschter vun New York huet d’Leedung bei de rechtlechen Ustrengungen, d’Walresultat an den USA zu Gonschte vum Trump ze kippen - bis ewell ouni Erfolleg.

Den Trump huet sengem 76 Joer alen Affekot iwwer Twitter eng gutt Besserung gewënscht.

Back to Top
CIM LOGO