Ukrain-KrichRussesch Arméi mellt "komplett Befreiung" vum Asow-Stolwierk

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Kreml e Freideg den Owend matgedeelt huet, hätte sech zanter e Méindeg 2.439 Kämpfer erginn.
© AFP

Déi russesch Arméi huet déi “komplett Befreiung” vum Asow-Stolwierk am ukrainesche Mariupol no der Kapitulatioun vun de leschten ukraineschen Zaldote gemellt. “Haut um 20. Mee huet sech déi lescht Grupp vu 531 Kämpfer erginn”, sou den Igor Konaschenkow, Spriecher vum russesche Verdeedegungsministère, e Freideg iwwert de Messengerdéngscht Telegram. Insgesamt hätte sech zanter e Méindeg “2.439 Nazie vum Asow(-Regiment) an ukrainesch Zaldoten, déi an der Fabrick festsouzen, erginn.”

De Präsident Wladimir Putin wier vum Verdeedegungsminister Sergej Schoigu iwwert d’Enn vum Asaz an déi komplett Befreiung vum Stolwierk an der Stad Mariupol informéiert ginn, huet et weider geheescht.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO