
De Fluchhafen Tschornobajewka bei Cherson am Süde vum Land steet ukraineschen Informatiounen no weiderhin am Mëttelpunkt vun heftege Kämpf. Et wier een erëm op russesch Truppe beim Fluchhafe gestouss. Domat wier et schonn déi 6. Kéier, datt den ukrainesche Militär russesch Zaldoten um Fluchhafen ugegraff huet, wouduerch de Géigner schwéier Verloschter erlidden hätt. D’Informatioune loosse sech allerdéngs net onofhängeg iwwerpréiwen.
An engem Videomessage e Freideg den Owend huet den ukrainesche President Zelensky Russland fir éierlech Verhandlunge gefrot a gewarnt, datt dat déi eenzeg Chance wier, fir de Schued duerch eege Feeler vu russescher Säit ze reduzéieren. D’territorial Integritéit vun der Ukrain misst nees hiergestallt ginn. De Volodymyr Zelensky huet och op en Neits direkt Gespréicher mam Vladimir Putin gefuerdert.
E Freideg huet Moskau Reussite gemellt an och confirméiert, datt de Fluchhafe vu Lwiw am Weste vum Land attackéiert gouf. Vu Kiew heescht et allerdéngs, datt d’russesch Truppen net weider komm sinn. Se hätte kee Sprit méi. Och dem brittesche Geheimdéngscht no huet d’russesch Arméi Problemer, fir Ravitaillement bei d’Zaldoten ze kréien.
Den US-Defenseminister mengt iwwerdeems, d’russesch Arméi hätt taktesch Feeler gemaach. Déi russesch Arméi wier an der Ukrain op Réckschléi gestouss, mat deene si net gerechent haten. “Si hate sech virgestallt, dass si séier virukommen a séier d’Haaptstad anhuele géingen, ma si waren net amstand, dat ze maachen”, sot de Lloyd Austin dem Sender CNN wärend senger Rees a Bulgarien. Donieft géingen d’Russen taktesch Informatiounen net gutt asetzen. Aus dem Pentagon heescht et ëmmer rëm, dass de russesche Militär an der Ukrain bal keng Progrèse mécht.
D’Souveränitéit an d’territorial Integritéit vun der Ukrain souwéi hir staatlech Onofhängegkeet sinn a bleiwe fir Kiew déi sougenannte “rout Linnen” bei den aktuelle Friddensverhandlunge mat Russland. Dës wieren net verhandelbar, wouduerch eng Victoire, dat eenzegt Resultat kéint sinn, sot den ukrainesche Parlamentspresident Stefantschuk. Um Wee dohin géing een “Schrëtt fir Schrëtt” déi wichteg Punkten ugoen, bis ee sech “an déi richteg Richtung” beweege géing.
No engem Succès bei der Rettung vun op d’mannst 50.000 Zivilisten aus de Kampfgebidder nërdlech an nordwestlech vun der ukrainescher Haaptstad Kiew beméie sech d’Autoritéiten weider “Brennpunkten” z’evakuéieren. Ma obwuel d’russesch Truppen dëst verhënnere wéilten, géing een “trotz dem Zynismus vum Feind” weiderhin alles maachen, fir d’Liewe vum ukrainesche Vollek ze schützen.
Zu Mariupol gëtt iwwerdeem weider versicht, Mënschen aus engem zerbommten Theater erauszehuelen. Bei der Attack e Mëttwoch ass wuel kee Mënsch gestuerwen, et wier awer eng Persoun schwéier blesséiert. D’Situatioun an der südëstlecher Hafestad bleift allgemeng awer verzweiwelt.
D’Mënschen an de belagerte Stied wieren apokalyptesche Konditiounen ausgesat, heescht et vun der EU-Kommissioun, déi virun enger Hongersnout an der Ukrain warnt. An de belagerte Stied wier net méi genuch Iessen a Waasser, an och u medezinesche Gidder an engem Auswee géing et feelen. D’humanitär Kris an der Ukrain wier haut scho kritesch, kéint awer nach vill méi schlëmm ginn. D’Europäesch Kommissioun wëll deemno hir humanitär Hëllef mat de Partner sur place ausbauen, mä esoulaang wéi d’Attacke weider daueren an et keng Wafferou gëtt, kéinten d’Mënschen, déi liewensrettend Hëllef brauchen, net erreecht ginn.
Beim Nato-Manöver “Cold Response” an Norwegen war e Freideg en US-Militärfliger mat véier Crewmemberen als vermësst gemellt ginn. D’lokal Rettungsdéngschter hu matgedeelt, datt de Fliger vum Typ Osprey um 18.26 Mëtteleuropäescher Zäit vu Bodö verschwonne war. Géint 21.17 Auer hätt een aus der Loft d’Onglécksplaz entdeckt, konnten awer wéinst de schlechte Wiederkonditiounen net landen. D’Rettungsforcë sinn awer um Wee op d’Plaz. Et wéisst een nach näischt iwwert déi véier Persounen u Bord, mä et wier ee sech sécher, datt de Fliger ofgestierzt ass.