63. Dag Krich an der UkrainRussesche Chantage mat Gasliwwerungen

Petz Bartz
Russland huet Polen a Bulgarien elo de Gaskrunn zougedréit, well béid Länner refuséieren, a Rubel ze bezuelen.
63. Dag Krich an der Ukrain
Russesche Chantage mat Gasliwwerungen

Och aner Clienten an Europa bezuelen net a Rubel. Moskau versicht, d’Eenheet an der EU ze splécken. Bis elo ass dat allerdéngs net gelongen. Am Géigendeel: D’EU ass zesummegeréckelt an d’Kommissiounspresidentin von der Leyen huet Polen a Bulgarien Hëllef zougesot, well een zu Bréissel scho mat esou enger Situatioun gerechent hat.

Polen hat souwisou scho quasi mat Russland als Gasliwwerant ofgeschloss. Bulgarien dogéint sicht elo mat Hëllef vun der EU no kuerzfristege Léisungen, wéi een aus der Ofhängegkeet vum russeschen Energiemaart kann erauskommen. Mee d’Lagercapacitéiten a béide Länner si voll gefëllt. D’Fro ass elo, wien déi nächsten Natioun ass, déi de Chantage vu Moskau ze spiere kritt.

Ursula VON DER LEYEN – EU-Kommissiounspresidentin:

De Kreml huet op en Neits versot am Versuch, d’Memberlänner ze splécken. D’Zäit vun der fossiller russescher Energie geet op en Enn an Europa. Europa geet a punkto Energie nei Weeër.

An der Ukrain wiisst d’Gefor, dass dat separatistescht Transnistrien an domat ganz Moldawien riskéiert, weider an den Ukrain-Krich eragezunn ze ginn. D’Ukrain huet am Donbass an de leschte 24 Stonnen 63 russesch Attacken zréckgedréckt. D’Separatisten am Verwaltungsbezierk vu Luhansk sinn ënner massive Beschoss komm vum ukrainesche Militär, mee bis ewell ass et de Verbänn vu Kiew am Osten net gelongen, de Russen Territoire ofzehuelen.

Zu Mariupol stinn d’Awunner Schlaang fir sech anzeschreiwen, fir hir Pensiounen ausbezuelt ze kréien. Déi nei Administratioun, déi dat elo fir d’éischt mécht, zanter dass Russland d’Stad als gewonnen deklaréiert huet, ass déi vun der selwer-ernannter Volleksrepublik Donezk. Kiew huet nach trei Zaldoten am Stolwierk sëtzen, mee d’Stad gëtt mëttlerweil de facto vun de Separatiste geréiert.

Eng weider Tranche Symbolpolitik dann am Kreml, wou den UNO-Generalsekretär Guterres um Kapp vum laangen Dësch huet dierfe sëtzen. Eppes dozou bäigedroen, d’Kris ze léisen, huet déi Visitt net.

Zu St Petersburg huet de Vladimir Putin d’Parlamentarier informéiert, wéi gutt et dem Land geet, trotz de Wirtschaftssanktiounen. Wat en net gesot huet, ass, dass de Rubel duerch en aussergewéinlech héijen Zënssaz vu méi wéi 20% vun der russescher Zentralbank virun der Inflatioun geschützt a kënschtlech um Liewe gehale gëtt an dass de Wirtschaftsministère en Abroch vum PIB fir dëst Joer vu méi wéi 12% ausgerechent huet.

An zu Kiew hunn d’Autoritéiten elo e Monument verschrotte gelooss – e Cadeau vun de Soviets un d’Ukrain aus dem Joer 1982. E Symbol vun der russesch-ukrainescher Frëndschaft.

Serhiy MYRHORODSKY – Designer vum Monument:

Russland huet d’Ukrain iwwerfall. Déi éischt 30 Rakéite sinn an der Nuecht vum 24. Februar ageschloen. Kënne mir Frënn si mat Russland? Wat mengt Dir? Et ass onse schlëmmste Feind. Duerfir mécht dat Monument kee Sënn méi.

Dem 8-Meter héije Bronze, deen zu Kiew iwwert den Dniepr erofkuckt, ass domat keng Plaz méi an der ukrainescher Geschicht vergonnt.

D’Frëndschaft ass eriwwer.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO