68 Deeg Krich an der UkrainRusseschen Ausseminister Lawrow schockéiert mat Nazi-Vergläich

Petz Bartz
Fir de Krich an der Ukrain ze rechtfäerdegen, huet de Sergej Lawrow nees Parallelle mam Nationalsozialismus gezunn.
68. Dag Krich an der Ukrain
D’Entwécklungen aus de leschte 24 Stonne kuerz resuméiert.

Et war eng weider Ligen an der beandrockender Kollektioun, déi de Kreml bis ewell vu sech ginn huet, an déi Russland all Kredibilitéit kascht. Wéi rieds goung vum ukrainesche President Selenskyj an der Seeche vun der “Entnazifizéierung” vun der Ukrain, sot de Sergei Lawrow, och den Hitler hätt jüddescht Blutt gehat. Säin israeleschen Homolog Yair Lapid schwätzt vun enger skandaléiser Ausso, déi net ze verzeie wier. Fir deen terribelen, historesche Feeler géif een eng Entschëllegung erwaarden.

Weider Entwécklungen aus de leschte 24 Stonnen

D’EU fënnt weiderhi keen Accord, fir op Pëtrols- a Gasliwwerungen aus Russland ze verzichten. Ungarn blockéiert e Konsens op en Embargo vu russeschem Pëtrol. Däitschland seet sech net prett, kee Gas méi aus Russland z’importéieren. De Benefice vum Handel – Milliounen Euro all Dag – gi vu Moskau gebraucht, fir de Krich géint d’Ukrain ze finanzéieren.

An der Ukrain dann ass et gelongen, fir eppes iwwer 100 Zivilisten aus dem Asovstal-Stolwierk vu Mariupol z’evakuéieren. Iwwer 1.000 Leit hate sech do an de Bunker virun de russesche Bombardementer a Sécherheet bruecht.

D’Zaldote koumen an hunn der 11 erausgeholl, déi schwéier krank sinn, Asthma hunn oder Insulin brauchen. Mee et si nach vill Leit do, och kleng Kanner. Mir waren zu 40 a mir haten all Dag just 6 Béchsen a mir hunn een Eemer Zopp draus gemaach. Mir hate geduecht, et wier just fir e puer Deeg, dass mer mussen an ee vun de Bunker, mee mir waren zanter dem 24. Februar do, erzielt d’Yelena Aytulova, eng Awunnerin vu Mariupol.

D’Evakuatioune vu Mariupol gi vun der UNO mat Hëllef vum Internationale Comité vum Roude Kräiz koordinéiert. Een Deel vun de Leit bleift am Verwaltungsbezierk Donetsk an Distrikter, déi vu pro-russesche Separatiste kontrolléiert ginn, en aneren Deel gëtt op Zaporizhzhia bruecht, dat d’Ukrainer kontrolléieren.

An d’Ukrain behält och nom Ënnergang vun der Moskva d’Kontroll iwwert westlech Deeler vum Schwaarze Mier virun Odessa. Op engem iwwerpréifte Video ass ze gesinn, wéi tierkesch Bayraktar-Drone vun den Ukrainer e Méindeg de Moie bei der sougenannter Schlaangeninsel zwee russesch Patroullebooter versenkt hunn.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO