
Russland wäert all d’Äerdgasliwwerungen u Polen stoppen. Vun e Mëttwoch u soll et keng Liwwerunge méi u Polen ginn, dat huet déi polnesch Äerdgasentreprise PGNiG zu Warschau matgedeelt. Et wär een duerch déi russesch Äerdgasentreprise Gazprom informéiert ginn. Polen wëllt den Äerdgas net wéi vu Russland gefuerdert a Rubel bezuelen.
PGNiG gesäit an der Decisioun e Broch vun de Kontrakter, déi ee mateneen huet. Et wéilt ee Schuedenersatz wéinst Verstéiss géint de Kontrakt fuerderen.
De polnesche Regierungschef Mateusz Morawiecki huet no engem Treffe mam Bundeskanzler Olaf Scholz zu Berlin gesot: “Mir hunn Drohunge vu Gazprom kritt, d’Gasliwwerungen ze stoppen.” Villäicht géing Russland versichen, fir Polen op dës Aart a Weis ze erpressen.
Polen hätt sech am Virfeld op d’Diversifizéierung vun der Gasversuergung virbereet. D’Wirtschaft wäer net a Gefor. D’Gasspäichere wären zu 76 Prozent voll.
Déi bulgaresch Gasentreprise Bulgargas wär en Dënschdeg och doriwwer informéiert ginn, dass Gazprom d’Äerdgasliwwerunge vum 27. Abrëll u stoppe wäert. Dat huet de Wirtschaftsministère zu Sofia matgedeelt.
