Boris Johnson"Russland plangt dee gréisste Krich an Europa zanter 1945"

RTL Lëtzebuerg
Dat sot iwwerdeems de brittesche Premier Boris der BBC géintiwwer. Eng dramatesch Rhetorik, mee et ginn ëmmer méi Ursaachen, fir sech Suergen ze maachen.
Ukrain-Konflikt
“Russland plangt dee gréisste Krich an Europa zanter 1945", esou de Boris Johnson.

“Déi russesch Truppe wäerten un der belarussescher Grenz zur Ukrain stationéiert bleiwen”, huet Belarus e Sonndeg annoncéiert. Dat obwuel déi gemeinsam Militärübungen ofgeschloss sinn. D’Begrënnung: déi verschäerfte Situatioun am Donbass, ee méi wéi zweiwelhaft Argument.Déi russesch-wäissrussesch Militärmanöver a Belarus ginn an d’Verlängerung. 30.000 russesch Zaldoten ginn net zréck an hir Kasären, wéi et fir e Sonndeg virgesi war, mee si bleiwen an Alarmbereetschaft. Offiziell ass d’Ursaach déi, dass d’Sécherheetssituatioun am Oste vun der Ukrain dat géif erfuerderen. Vun do aus wieren et awer iwwer 1.000km Loftlinn bis a Wäissrussland.

Fir Observateuren ass d’Argument relativ kuriéis. Grad esou wéi d’Mobilisatioun vu Veteranen an de selwer ernannte Volleksrepublicken Luhansk an Donetsk am Donbass aus dem Krich 2014. Dëse Weekend ware vill Kameraen dobäi, fir déi eeler Häre bei Rekrutementer ze filmen. D’Biller goufe virun allem a soziale Medie wéi Telegram a Russland verbreet. Parallel dozou gouf mat Evakuatioune vu Fraen a Kanner den Androck hannerlooss, dass den Donbass an der Gefor stéing, attackéiert ze ginn an net d’Ukrain.

Et ass de Billerbuch-Zenario, dee Moskau bräicht fir anzegräifen, dee geschéckt medial duergestallt gëtt. Bis ewell ass Reuters-Korrespondenten no d’Gefor, déi op der Kontaktlinn effektiv vun ukrainescher Säit ausgeet, awer héchstens sporadesch. Villméi hunn ukrainesch Zaldoten op hire leschte Pressevisitten op der Front dëse Weekend bannent 48 Stonne ronn 90 Attacke vu Separatiste gezielt, wou Gruppen ënner Beschoss koumen.

Et ass elo Zäit z’agéieren. Mir proposéieren eisen Alliéierten dat hei: fir d’éischt d’Diplomatie. Doriwwer hu mer scho geschwat. Duerno brauche mer Liwwerunge vun defensive Waffe fir eis Truppen. An als drëtt Sanktiounen. Et wier un der Zäit, op d’mannst en Deel vun de Sanktiounen elo schon z’implementéieren.”, esou den Dmytro Kuleba, den ukraineschen Ausseminister.

Zu Lviv, am Weste vun der Ukrain, un der polnescher Grenz, war et e Sonndeg awer nach den Optimismus, deen iwwerwien huet an d’Hoffnung bei engem sougenannten Eenheets-Marsch, dass de Konflikt eng Léisung fënnt, déi d’Land net weider an Ost a West spléckt.

Charles Michel: “D’Fro bleift: Wëll de Kreml en Dialog?”

De Weste kann net ëmmer nees op Russland duerkommen, wärend Moskau d’Tensiounen op der ukrainescher Grenz weider eropschrauft, esou de Charles Michel.

Dat sot de Chef vum EU-Rot e Sonndeg de Moien op der Sécherheetskonferenz zu München. “D’Fro bleift: wëll de Kreml en Dialog?”, esou de Rotspresident. Et kéint een net d’Dier fir Gespréicher éiweg ophalen, wärend Russland Rakéitentester mécht an Truppen opstockt. D’pro-russesch Separatisten am Oste vun der Ukrain da maachen d’ukrainesch Arméi fir eng Attack verantwortlech, bei deem 2 Ziviliste gestuerwe wieren. Dat sot e Spriecher der russescher Noriichtenagence Interfax. 5 Wunnhaiser wiere bei dëser Attack zerstéiert ginn.

An den ostukrainesche Gebidder Donesk a Luhansk kämpfen zanter 2014 vum Westen equipéiert Regierungstruppe géint vu Russland ënnerstëtzte Rebellen. UN-Schätzungen no sinn an de leschten 8 Joer 14.000 Mënschen do ëm d’Liewe komm, meeschtens am Separatistegebitt. E Friddensplang, deen 2015 ënner däitsch-franséischer Mediatioun opgestallt gouf, gëtt net respektéiert.

Kann eng Renconter mam US-President Biden de Putin ëmstëmmen?

Et kéint déi decisiv Renconter sinn, fir an der Ukrain-Kris ze deseskaléieren. Den US-President Biden an de russesche President Putin hunn allebéid engem gemeinsame Sommet zougestëmmt. Dat hunn d’Wäisst Haus an den Elysée confirméiert. De franséische President Macron war nämlech Mediateur an huet mat deenen zwee telefonéiert, fir eng diplomatesch Léisung ze fannen.

Déi Renconter, vun där nach net gewosst ass, wéini a wou se wäert sinn, wier awer un d’Konditioun geknäppt, dass d’Russen net an d’Ukrain amarschéieren.

D’Ausseministere Blinken a Lawrow sollen de Contenu vun de Gespréicher elo zesummen ausschaffen.

Déi international Efforten, fir eng russesch Invasioun an der Ukrain ze verhënneren, gi virun

Déi international Efforten, fir eng russesch Invasioun an der Ukrain ze verhënneren, lafe weider op Héichtouren. Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken huet ënnerstrach, datt Washington den diplomatesche Wee opléisst , bis datt d’Panzer tatsächlech rullen an d’Fligeren an der Luucht sinn.

De President Joe Biden wier och prett fir e Gespréich mat sengem russeschen Homolog Wladimir Putin, egal a wéi engem Format.

Den US-Ausseminister huet awer och nach emol däitlech gemaach, datt Washington domadder rechent, datt déi russesch Invasioun an d’Ukrain imminent ass.

Alles, wat ee géif gesinn, géif drop hindeiten, datt d’Situatioun immens eescht ass an datt een um Bord vun enger Invasioun steet, esou den Antony Blinken a verschiddenen Interviewen.

Aus dem Elysée zu Paräis heescht et, de franséische President Emmanuel Macron an de Wladimir Putin wiere sech an engem Telefonsgespréich driwwer eens ginn, intensiv un engem Waffestëllstand fir den Osten vun der Ukrain ze schaffen.

De Kreml zu Moskau huet wësse gelooss, datt de Wladimir Putin am Gespréich mat sengem franséischen Homolog Provokatiounen vun der ukrainescher Arméi fir d’Eskalatioun am Osten vun der Ukrain responsabel mécht.

Dem Kreml no huet de Putin nach emol ënnerstrach, datt d’Nato an d’USA déi russesch Sécherheetsbedenken mussen eescht huelen. Moskau seet jo sech duerch d’Osterweiderung vun der Nato menacéiert ze fillen.

Dem Elysée no wiere béid Presidenten sech driwwer eens, datt een op eng diplomatesch Léisung muss setzen an och alles géif maachen, fir datt et dozou kënnt.

Nato rechent weider mat Attack

D’Nato geet dovunner aus, datt Russland eng komplett Attack op d’Ukrain plangt, hofft awer weider op eng politesch Léisung. Dat war de Fazit e Samschdeg op der Sécherheetskonferenz zu München. Alleguer d’Zeeche géingen op eng ëmfaassend Attack hindeiten, esou den Nato-Generalsekretär Jens Stoltenberg e Samschdeg den Owend um ARD. De brittesche Premierminister Boris Johnson sot am Interview mat der BBC, Russland géing dee gréisste Krich an Europa zanter 1945 plangen. Et misst ee verstoen, datt et hei ëm ganz vill Mënscheliewe geet.

Russland insistéiert weider, keng Pläng fir eng Attack ze hunn, huet awer e Samschdeg an enger Muechtdemonstratioun Atomwaffefäeg Rakéite getest.

De franséische President Emmanuel Macron hat um Sonndeg mam Vladimir Putin telefonéiert, fir no engem Auswee aus der Kris ze sichen. Den ukrainesche Staatschef Zelensky huet dem Macron e Samschdeg verséchert, datt d’Ukrain net géing op Provokatioune reagéieren, heescht et aus dem Elysée.

Et wéilt ee Russland dozou kréien, un den Dësch ze kommen, sou de Stoltenberg. Wat eng méiglech Memberschaft vun der Ukrain an der Nato ugeet, sot hien, dat wier méiglech, awer schlussendlech d’Decisioun vun 30 Alliéierten. Russland verlaangt Garantien, datt dat net geschitt. Et géing den Ament awer manner ëm eng Memberschaft an der Nato goen, sou de Stoltenberg, ma dorëms, “ob mer et akzeptéieren, datt eng Groussmuecht wéi Russland versicht, engem anere Land ze diktéieren, wat et maache kann oder net - mat Gewalt”.

Back to Top
CIM LOGO