
Zanter dem Weekend benotzen déi russesch Truppen eegenen Aussoen no och Rakéite vum Typ “Kinschal”. Eng Waff, déi, wéi et vu russescher Säit heescht, e Samschdeg e Rakéitenarsenal am Gebitt Iwano-Frankiwsk soll zerstéiert hunn an e Sonndeg en Dreifstofflager am Süde vum Land.
Wat zeechent d’"Kinschal” aus?
Russeschen Informatiounen no soll déi ronn 8 Meter laang Rakéit extrem séier an héich fléien, dobäi awer manövréierfäeg bleiwen. D’Zil gëtt vun engem bis zu 480 Kilo schwéiere konventionelle Sprengkapp oder engem nukleare Sprengkapp zerstéiert.
Weider heescht et vu Moskau, dass d’"Kinschal” eng Vitess zu bis zu 12.350 Kilometer an der Stonn erreeche kann. Am Weste gëtt allerdéngs doru gezweiwelt, schreift d’DPA. An engem NATO-Dokument aus dem November 2020 heescht et, dass et irritéiere kéint, d’"Kinschal” als Hyperschallwaff ze bezeechnen. Et wier méiglech, dass si net méi séier wéi Mach 5 fléie kéint, amplaz, wéi et aus Russland heescht, bis zu Mach 10.
En hierkëmmleche Fluchkierper vum Typ “Tomahawk” flitt zum Beispill mat enger Vitess vu ronn 900 Kilometer an der Stonn.
Aschätzunge vum westleche Geheimdéngscht no gouf d’"Kinschal” virun allem fir Ugrëff géint kritesch Militärinfrastruktur an Europa entwéckelt, schreift d’DPA. Se kéint deemno géint Fluchplazen oder Stellunge vun der US-Rakéitenofwier agesat ginn.
Am Gespréich mam Sender CBS huet den US-Verdeedegungsminister Lloyd Austin e Sonndeg gesot, hatt hien den Asaz vun der “Kinschal” net fir en entscheedende Wendepunkt am Krichsverlaf hält. De russesche President géing op esou Waffen zeréckgräifen, well hie versiche géing, nees Schwong an de Virmarsch vu sengen Truppen ze bréngen.
