Interview mat ukrainescher JournalistinRussland stellt onrealistesch Fuerderungen un d'Ukrain

Pierre Jans
Dat seet d'ukrainesch Journalistin Maria Varenikova am RTL-Interview. D'Land wëll net neutral ginn an op kee Fall domat de facto opginn.
Gespréich ukrainescher Journalistin
Wann Äert Land riskéiert vun der Landkaart ze verschwannen, géif Dir och kämpfen, sou d’Maria Varenikova.

Vill Ukrainerinnen an Ukrainer sti wéinst dem Krich all Dag virun neie liewenswichtegen Decisiounen. Solle si hir Heemecht elo verloossen oder nach e bësse waarden? Brénge si just hir Kanner a Sécherheet oder och sech selwer?

Eng Fro schéngt awer vu viru era kloer: d’Land soll dem Putin sengen Truppen net einfach esou iwwerlooss ginn. De Pierre Jans huet mat enger ukrainescher Journalistin geschwat, déi bliwwen ass.

Gespréich mat enger ukrainescher Journalistin / Pierre Jans

Am Videoappell gesäit een eng jonk Fra mat kuerzen Hoer an der westukrainescher Stad Lwiw. Si wierkt immens waakreg. An hirem ganze Wiesen. Wéi de Krich ugaangen ass, erzielt d’Maria Varenikova, war si nach mat hirem Fils an der ukrainescher Haaptstad. Bis et ze geféierlech gi war.

“Wéi Kiew bis a Gefor war, vun de Russen ëmzéngelt ze ginn, hunn ech eraus missen, fir hien an d’Ausland ze bréngen.”

De Bouf ass a Spuenien. D’Mamm elo am Weste vun der Ukrain, wou d’russesch Attacke sech bis ewell op militäresch Infrastrukture limitéiert hunn. Normal ass den Alldag zu Lwiw awer och net méi, seet d’Maria Varenikova.

“Hei si vill Refugiéeën. Op den éischte Bléck gesäit et esou aus, wéi wann d’Stad voller Leit, respektiv Touriste wär. Mä alles, iwwer dat si schwätzen, ass Krich.”

De Widderstand vun de Ukrainer ass ongebrach. Als Journalistin weess d’Maria Varenikova, dass westlech Politiker a Medie gären de Courage vun den ukrainesche Biergerinnen a Bierger bewonneren. Spezifesch ukrainesch wär deen hirer Meenung no awer net.

“Wa Lëtzebuerg dat géif geschéien, géifen Är Leit Iech och iwwerraschen. Wann Äert Land riskéiere géif, vun der Landkaart ze verschwannen, da géift Dir och kämpfen.”

D’Maria Varenikova ass ganz kloer: d’Ukrain wäert net opginn, ewéi d’Russen dat fuerderen. Op kee Fall. Eng diplomatesch Léisung – e Kompromëss – gëtt immens schwéier, gëtt si zou.

“Russland kann nëmmen duerch Force gestoppt ginn. Wa Russland mierkt, dass et verléiert, kéint et ufänke méi Proposen z’acceptéieren.”

Bis dohi bréicht d’Ukrain weider Waffeliwwerungen, seet d’Journalistin. De Weste wär hirem Heemechtsland dat e Stéck wäit och schëlleg.

“Russland huet seng Waffen net nëmmen aus eegener Kraaft gebaut. Mä duerch den Handel an d’Kollaboratioun mat esou ville Länner. Elo leide mir drënner a mir fannen, dass déi Länner elo d’Aufgab hunn, sech anzesetzen. Si maachen dat och. A mir kréie vill Support. Mir brauchen awer méi staark Waffen, virun allem fir Loftattacken ofzewieren.”

D’russesch Bombardementer si brutal. Wéi Mariupol ass och d’Stad Sievierodonetsk an der Regioun Luhansk d’Hell op der Äerd. D’Maria Varenikova kennt Leit, déi do gefaange sinn.

“Mengem Bouf seng Nanny ass do mat hirem Jong an engem Keller. Ech weess net, wéi ech si do rauskréien. Do si keng Evakuéierungen. Iessen a Waasser gi knapp.”

Medezinesch Versuergung gëtt et keng. D’Journalistin schwätzt vu Genozid. Nach schreift si Reportage vu Lwiw aus. Virop fir d’New York Times. An nach sinn d’Maria Varenikova an hir Famill a Sécherheet. Ma fréier oder spéider musse schwéier Decisioune geholl ginn.

“Vläicht ass et nach sécher hei, vläicht ass et schonn ze geféierlech. Meng Bom huet 94 Joer a géif eng Evakuéierung vläicht net iwwerliewen, an et wär méi sécher fir si, wéi hei an der Gefor. Decisiounen huelen: dat ass dat Schwéierst.”

De Krich stellt Mënsche virun onmënschlech Decisiounen.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO